Koster-Schwësteren a Filmer Anne Schiltz

dimanche, 22. novembre 2020 15:00 - 19:00

[De]

SO 22 NOV – 15h, 15h45 an 17h – Filmer a Musek

E Sonndeg um 15 an um 15h45 ginn d’Filmer Im Dialog mit Helen Buchholtz a Courants d’air vum Anne Schiltz gewisen (Infos: https://www.kulturhaus.lu/

Duerno geet et um 17h weider mat

D’Koster-Schwësteren als Stommfilmmusekerinnen
E ganz honorable Beruff

Wéi Enn vum 19. Joerhonnert déi éischt Filmer ëffentlech gewise goufen, ass et e spezielle Beruff ginn: dee vun de StommfilmmusekerInnen. Och zu Lëtzebuerg hunn eng Rei Museker an de Kinoe gespillt. De Kino war eng Konschtform, déi och Leit, déi e bëssi manner am Portmonni haten, sech leeschte konnten. Fir Frae war et éischter seelen, de Beruff vun enger Stommfilmmusekerinn auszeüben. Mee d’Lou Koster, zesumme mat hire Schwëstere Lina a Laure, hu virum, am an nom éischte Weltkrich an alle wichtege Kinoen am Land lieweg Biller – wéi dat deemools genannt gouf – musikalesch ënnermoolt an domat hiert Brout verdéngt.

Bäi dësem Evenement gëtt de Public an d’Atmosphär vun engem Kino an den 20er Joere versat. Nieft Erklärungen zur Praxis an zum Beruffsalldag vun den dräi Stommfilmmusikerinnen ginn historesch Filmer aus dem Bestand vum CNA gewisen, déi live mat Pianosmusek vum Lou Koster ënnermoolt ginn.
Pianistin Jessica Chan
Realisatioun Anne Schiltz
Presentatioun Danielle Roster

Sonndeg, den 22. November um 15, 15h45 an 17 Auer
Wou?: Kulturhaus Miersch
Org.: Kulturhaus Miersch, CNA, CID Fraen an Gender

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag