Genderrepresentatioun an de Schoulbicher

jeudi, 11. novembre 2021 17:00 - 19:00

Gender­representatiounen an de Schoulbicher

Wéi sinn d‘Geschlechter an de Schoulbicher vum Enseignement fondamental zu Lëtzebuerg representéiert?

Wéi eng Persounen sinn a wéi engen Aktivitéite representéiert (Hobbyen, haislech Aktivitéiten, Beruffer)?

Presentatioun vun de Resultater vun der Etüd a Propose vu Piste fir d’Egalitéit tëschent de Geschlechter an de Schoulbicher an an der pedagogescher Praxis ze garantéieren.

Formation continue prioritaire fir d’Léierpersonal an d’sozio-educativt Personal. D’Inscriptioune gi vum IFEN entgéintgeholl. Méi Informatiounen op www.ifen.lu

Déi aner interesséiert Persoune kënnen sech umellen iwwert info@cet.lu

CovidCheck (3G)

Evenement ënnert de Konditioune vum CovidCheck (3G) an/oder adaptéiert un déi Mesuren, déi deen Ament gëllen.

Donneschden, den 11. November vu 17 bis 19 Auer am Centre culturel “Schéiss” (142 Val Sainte-Croix, 1370 Luxembourg).

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag