Carte Blanche Strukturelle Sexismus

[De]

31.03.2023 rtl.lu

Strukturelle Sexismus? Dach net an eiser Kulturzeen!

D’Claire Schadeck schwätzt an dëser Carte Blanche iwwer d’Benodeelegung an den Ausschloss vu Fraen a queere Mënschen an der Kultur, iwwer déi feelend Zuelen zu Lëtzebuerg an iwwer den éiwege Virworf, dach endlech keng méi opzeféieren.

Wann een zu Lëtzebuerg vu Sexismus schwätzt, da kritt een oft gesot, dass ee keng opféiere soll. Hei wier dat alles guer net esou schlëmm a souwisou si mir jo scho laang alleguer gläichberechtegt. Steet jo ëmmerhin och esou an eiser Verfassung.

Mir wollte méi gewuer ginn an hunn aus deem Grond Kulturschafender mat der Fro no hiren Erfarunge mat Sexismus kontaktéiert. Vun „Jo, dat gehéiert vëlleg selbstverständlech zum Aarbechtsalldag dozou“ bis zu „Gläichberechtegung ass eng Illusioun an dach gëtt esou gemaach wéi wann et se géing ginn.“, hunn mir villes héieren. Fraen, déi u sech als Regisseurin oder Schauspillerin schaffen, gi gefrot ob si d’Sekretärin wieren. Si gi géint hire Wëllen ugepaakt oder op der Bün sexualiséiert. Si gi konsequent an hirer Aarbecht ënnerschat an et gëtt de Geck mat hinne gemaach oder si ginn net eescht geholl.

Sexismus baut op enger misogynner Haltung vis-à-vis vu Meedercher a Fraen op. Mir schwätze vu sexisteschem Verhalen oder Bemierkungen, wann ee Mënsch opgrond vu sengem Geschlecht Benodeelegung an/oder Diskriminéierung erlieft. Fraen a geschlechtlech Minoritéite sinn an éischter Linn dovu betraff, wat awer net heescht, dass Jongen a Männer net och indirekt Sexismus erliewe kennen. Wat mengen ech domat? Eist gesellschaftlecht Zesummeliewen ass vu sexistesche Strukturen duerchzunn, déi Mënschen no hirem Geschlecht bewäerten a klasséieren. Erfëllen ech d’Erwaardungen déi opgrond vu mengem Geschlecht u mech geriicht sinn? Wann ech dat net maachen a mech net un déi gesellschaftlech Reegelen halen, da riskéieren ech strukturell benodeelegt, ausgegrenzt oder diskriminéiert ze ginn.

Lëtzebuerg ass ee klengt Land mat enger etabléierter Kulturzeen. Dat heescht eben och, dass all Mënsch sech kennt an dass vill Opträg duerch Kontakter verdeelt ginn. „Kenns de deen?“, „Dann waart, ech froen do mol no.“ oder och „Ech leeden dech mol direkt weider.“ Dat si Sätz, déi ee méi wéi 1 mol héiert.

Dësen enke Kontakt an déi kuerz Vernetzungsweeër féieren dozou, dass sech och schnell erëm schwätzt wann eng Persoun am Secteur iwwergrëffeg ginn ass. Mee genau esou schnell kann sech och erëm schwätzen, wann ee selwer belästegt oder benodeelegt gouf. An op ee Mol weess dee ganze Secteur Bescheed an et riskéiert ee just nach op déi Erfarung reduzéiert ze ginn.

Beispiller vu struktureller Ongläichbehandlung sinn déi konsequent Ënnerrepresentatioun vu Fraen an Entscheedungsgremien, déi geréng Opnam vu kënschtleresche Wierker vu Fraen a queere Mënschen a kulturellen Ariichtungen, oder och déi prekär Aarbechtsverhältnisser an der Kulturbranche.

Deen Ausschloss féiert dozou, dass et u weiblechen a queere Virbiller feelt an sech jonk Mënschen doduerch net an hirer Konscht ënnerstëtzt a bestätegt fillen. Frae gëtt oft net zougetraut professionell erfollegräich an der Kulturzeen ze sinn. Ville Kulturinstitutioune feelt et un engem gendersensibele Bléck, dee gezielt Konscht vu Frae fërdert. Et ass ebe méi ustrengend geziilt no weibleche Kënschtlerinnen ze sichen, wann an der Reegel Männer de Secteur dominéieren.

Ech géing elo gär op Zuelen zeréckgräifen, déi dat beleeë wat ech grad gesot hunn. Mee Lëtzebuerg huet et net esou mat Zuelen. Doru muss sech onbedéngt eppes änneren. Well ouni Zuelen ass d’Ausmooss vum strukturellen Ausschloss vu Fraen a queere Mënschen aus der Kulturbranche schwéier ze faassen. Wann mir endlech Zuelen hunn, déi genau dat beleeën, da kenne mir och ufänken deem entgéintzewierken. Wann mir bis konkret wësse wou déi Ongläichbehandlung hierkënnt, da kenne mir Strategien entwéckelen déi d’Ursaachen als Ausgangspunkt huelen.

Et ass also héich Zäit eng opzeféieren. Well wéi eis gesammelt Aussoe vun de Kulturschafende beleeën: Sexismus gëtt et an der Kulturzeen. An och zu Lëtzebuerg

Partager cet article

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag