Fräie Mikro « Wat heescht eigentlech Gender? »

[De]

Fräie Mikro op radio 100,7 vum 4. Mee 2021

Wien iwwer Sexismus a Geschlechtergläichstellung wëll schwätzen kënnt net laanscht de Begrëff Gender. D’Isabelle Schmoetten ass der Meenung, dass dëse Begrëff am ëffentlechen Discours oft net oder falsch verstanen a falsch genotzt gëtt. An hirem fräie Mikro stellt si déi lëtzebuergesch Definitioun vun « Gender » vir.

 

 

 

 

 

 

Lauschteren

D’Wuert Gender [1] ass e Begrëff aus dem Engleschen. Am Englesche gëtt tëscht dem sougenannte biologesche Geschlecht – genannt sex – an dem soziale Geschlecht – genannt gender – ënnerscheet.

Den Ausdrock Gender beschreift déi gesellschaftlech Geschlechterrollen, déi festleeën, wat vu Mënschen erwaart gëtt, fir datt si als Fraen oder Männer wouergeholl ginn. Dës Erwaardunge si ganz ënnerschiddlech. Dat geet vum Numm, iwwer d’Gestaltung vum Ausgesinn (also wéi ech mech undinn, ob a wéi ech mech schminken, wéi eng Muskelen ech am Fitness trainéieren) bis zu Kierperhaltung, Mimik, Gestik, Sprooch a Verhalen.

Dat soziaalt Geschlecht ass net u gebuer

Wéi ech als Fra oder als Mann trëppelen, hunn ech mir vun anere Fraen oder Männer ofgekuckt. Souguer d’Stëmmlag an där ech schwätzen, beaflossen ech no uewen oder no ënnen, jee nodeem, ob ech e Mann oder eng Fra sinn. An dësem Sënn gëtt och vun doing gender geschwat – also eng Praxis, duerch déi Geschlecht inzenéiert gëtt.

Dohier och dat berüümt Zitat vun der Simone de Beauvoir: on ne naît pas femme, on le devient. Dobäi ass eng Persoun dëse Geschlechterrollen net just passiv ausgesat, si eegent sech hiren Gender och aktiv un, an zwar vu klengem un.

Dat soziaalt Geschlecht ass also net ugebuer an existéiert net vu sech aus, et gëtt konstruéiert duerch gesellschaftlech Muechtverhältnisser, déi sech historesch entwéckelen. Well sech gesellschaftlech Verhältnisser änneren, kënne sech och Gendervirstellungen änneren.

Gender-Rollebiller hunn e groussen Afloss

Den Afloss vun Gender-Rollebiller op zum Beispill de Kleederchoix kënnen engem als harmlos erschéngen. Jee nodeems wéi en Gender mir zougeschriwwe gëtt, hunn ech awer och ënnerschiddlech Méiglechkeeten, fir un der Gesellschaft deelzehuelen: méi oder manner Suen, Afloss, Verantwortung oder Fräiheeten.

Dat läit dann un den herrschende Muechtverhältnisser, déi sech a Form vu Sexismus op mech auswierken – strukturell an zum Deel och individuell. Gender funktionéiert an deem Sënn vergläichbar mat anere Kategorië wéi Hautfaarf, soziale Milieu, Alter asw. an huet also e staarken Afloss op meng gesamt Liewensplanung.

Gender ass also eng wichteg Kategorie fir eis Gesellschaftsverhältnisser ze analyséieren, Ongläichheete kënnen ze erkennen an och ze verstoen, wou se hierkommen a wéi se funktionéieren.

Kee soll sech opgrond vu sengem Gender onsécher fillen

D’Bewäertung vun där Analys, d’Sich no Handlungsoptiounen an d’Fuerderung no Verännerung kënnt dann eréischt an engem nächste Schrëtt.

Hei kënnt dann de Feminismus an d’Spill oder besser gesot déi feministesch Beweegungen. Si notzen d’Wësse ronderëm Gender fir d’Ideal vun enger inklusiver, gerechter Gesellschaft anzefuerderen an där dat soziaalt Geschlecht, dat eis zougeschriwwe gëtt an dat mir eis uneegnen, kee negativen Afloss op eise Liewensverlaf huet.

Am klenge kann dat heeschen, datt kee Mënsch d’Gefill huet sech mussen ze schminke fir attraktiv ze sinn, datt awer all Mënsch sech dierf schminken, deem dono ass, an ouni sech mussen dofir ze rechtfäerdegen.

Am grousse Ganzen heescht dat zum Beispill, datt kee Mënsch sech am ëffentleche Raum opgrond vu sengem Gender muss onsécher fillen, an datt keng Persoun opgrond vun hirem Gender manner Geld verdéngt oder manner Karriärschancen huet.

[1] Déi folgend Ausféierungen berouen op der Definitioun vun Gender, déi vun engem internen Aarbechtsgrupp vu Mataarbechterinnen a Sympathisantinnen vum CID | Fraen an Gender ausgeschafft gouf, fir an de Lëtzebuerger Online Dictionnaire iwwerholl ze ginn.

Partager cet article

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag