25 Joer CID: Wat déi aner soen

Léiwe CID-Fraen an Gender,

Ech wënschen dir e schéine Gebuertsdag an nach weider vill flott Joren zu Lëtzebuerg.

Ech profitéieren fir der merci ze soen, Dir an deenen Fraen déi do onermiddlech gewierkt hunn am Forder- an am Hannergrond fir dech ze aktivéieren, dech interessant ze maachen an dech um Liewen ze halen.

Ech weess, well ech aus der Branche kommen, datt dat net einfach ass, datt ee vill Réckgrat muss hunn an ëmmer erëm argumentéieren an géint allerhand Ignoranz an Süffisanz ukämpfe muss.

Mee de CID huet et fäerdeg bruecht an dat mécht eis Fraen houfreg ! Mir hunn a behalen eng Plaz matzen an der Haaptstad déi sech fir eis Interessen asetzt, eis verteidegt géint Ongerechtegkeeten, eis hëlleft eis ze stäerken a fir eis politesch an gesellschaftlech Stellung hëlt.

Mee de CID huet eng aner wichteg Roll iwwerholl déi dora besteet de Matrimoine ze versuergen an an évidence ze setzen. Musek, Literatur, Konscht – kuerz : d’Kreativitéit vun de Fraen huet hei Ënnerstëtzung fonnt an och eng Plaz wou se archivéiert an vermëttelt gëtt. Ech perséinlech wënsche mer dat dëse Volet weiderentwéckelt gëtt.

Enn decke Bravo fir de CID an ad multos annos!!!

Danielle Igniti, Directrice Centre culturel régional Dudelange Op der Schmelz

Partager cet article

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag