Fräie Mikro « Eis Gebuertskultur brauch Feminismus »

[De]

Fräie Mikro um radio 100,7 vum Isabelle Schmoetten vum CID iwwert d’Noutwendegkeet vun enger besserer, enger feministescher, Gebuertskultur zu Lëtzebuerg:

« Haaptsaach d’Kand ass gesond! » kréie jonk Elteren ze héieren, wa si sech trauen iwwert negativ Erfarungen oder souguer traumatesch Erliefnisser an der Maternité ze schwätzen. Eng mënscherechtsbaséiert Gesellschaft ass jonke Mammen a Puppelcher méi schëlleg, fënnt d’Isabelle Schmoetten.

Eis Gebuertskultur braucht Feminismus

Virun zwee Méint – de 25. November 2021 – huet zu Lëtzebuerg fir d’Fënneft d’Initiativ vun der Rouserevolutioun (« Roses Revolution ») stattfonnt. Fraen, déi ënnert der Gebuert an/oder am Wochebett Gewalt erlieft hunn, ginn den Dag opgefuerdert eng Rous virun der Entrée vun « hirer » Maternité nidder ze leeën.

Gewalt am Gebuertskontext kennt vill Gesiichter:

• Respektlos an autoritär Kommunikatioun (vun der Fra gëtt just an der 3. Persoun geschwat, et gëtt iwwert si ewech decidéiert, ouni si opzeklären oder hiren Avis ze froen)
• D’Opdrängen vu bestëmmte Positiounen (déi meescht Fraen accouchéieren um Réck. Dës Positioun erlaabt et dem medezinesche Personal, méi einfach a bequeem « schaffen » ze kënnen. Etüde weisen awer, dass d’Gebuert doduerch méi laang a méi schmäerzhaft ass.)
• Ënnersichungen an Interventiounen ouni Konsens an ouni doriwwer ze informéieren
• Dammschnëtt – wou kee néideg wier
• Fest op de Bauch drécken (de sougenannten Kristeller-Grëff gëtt nach ëmmer ugewannt, fir dass d’Kand wärend de Presswéien méi séier soll erauskommen. D’WHO ënnerstëtzt dës Praxis net a réit dovun of)
• Un der Plazenta zéien (am Normalfall léist sech d’Plazenta an deenen éischten zwanzeg Minutte no der Gebuert vun eleng)
• D’Mamm wärend der Gebuert unhalen oder ustrécken

Dës Opzielung ass net ofschléissend.

D’Erfarungsberichter, déi een.t op der Facebook Säit vun der Initiativ « Roses Revolution » liese kann, si fir ze kräischen. Oder fir aus der Haut ze fueren.

Wou kënnt dës Gewalt hir a wisou gëtt se vill ze oft verharmloost an als normalen Deel vu Gebuerten duergestallt?

D’Ursaache vun all de genannte Gewaltforme sinn d’Spuere vun Zäit an d’Spuere vu Geld. Duerch déi héich medikaliséiert a standardiséiert Oofleef, déi net zu lescht e lukratiivt Geschäft fir d’Dokteschen an d’Doktere sinn, bleift eng mammenzentréiert a mënscherechtsbaséiert Gebuertskultur op der Streck. Do gehéieren ageleete Gebuerten, well et besser an der Gyneko hiren Agenda passt (a net well et eng medezinesch Indikatioun gëtt) grad sou dozou wéi d’Sprëtze vun Oxytocin no der Gebuert fir dass d’Plazenta méi séier kënnt. Déi meescht Fraen ginn dat lescht ni gewuer, well si et de Moment selwer net matkréien a net doriwwer opgekläert ginn.

Dobäi kënnt, dass an eisem staark hierarchiséierte Spidoolswiesen Patientinnen a Patienten dachs entmündegt a net méi als vollwäerteg Mënsche behandelt ginn.

Etüden aus de Nopeschlänner weisen iwwerdeems, dass schwaarz Fraen a Frae mat Migratiounsgeschicht besonnesch heefeg Affer vu Gewalt ënnert der Gebuert ginn. Do iwwerschneiden sech Misogynie, Sexismus a Rassismus.

Aussoen wéi: « Mee eis geet et dach hei sou gutt » an « Haaptsaach d’Kand ass gesond » si vläicht gutt gemengt, tréischten awer sécher keng Mamm, déi nach Jore no der Gebuert vun hirem Kand u Panikattacke leid oder mat enger posttraumatescher Stéierung liewe muss. Et ass ausserdeem kee Geheimnis, dass et Kanner am beschte geet, wann et hiren Eltere gutt geet. Fraen, déi schlecht Erfarunge maachen oder souguer en Trauma behalen leiden oft jorelaang dorënner.

Jo, hei am Land stierwe glécklecherweis just nach wéineg Fraen a Bëbeeën bei oder no engem Accouchement. Ech erwaarde mir vun eiser Gebuertskultur awer méi, wéi dass ech a mäi Kand iwwerliewen.

Och den zweeten Elterendeel – meeschtens d’Pappen – erliewen d’Zäit an der Maternité iwwregens oft als negativ. Wann si net grad finanziell privilegéiert sinn an eng 1. Klass hunn, gi si just als Besuch ugesinn an och esou traitéiert. Mee och d’Pappen, déi bei der Mamm an dem Kand dierfe schlofen, kréie kloer ze verstoen, dass si zweetrangeg sinn. Aus medezinescher Siicht ass dat novollzéibar, aus sozialer Perspektiv ass et réckstänneg an zementéiert klischeehaft Rollestereotyper.

Ënnert dem beschriwwene System leiden awer net nëmmen jonk Familljen, mee och vill Hiewannen, déi hire Beruff net sou kënnen ausüben, wéi si e geléiert hunn – nämlech de natierleche Gebuertsvirgang sou zeréckhalend, empathesch an douce wéi méiglech ze begleeden – an zwar vun Ufank bis Enn. An Däitschland ass et zum Beispill üblech, dass déi selwecht Hiewan Schwangerschaft, Gebuert a Wochebett begleet.

Wéi géif dann eng feministesch Gebuertskultur ausgesinn?

Déi brittesch Journalistin Milli Hill* faasst dat folgendermoossen zesummen:

• D’Fraen accouchéieren do, wou se wëllen, also doheem, am Spidol oder an engem Gebuertshaus.
• D’Fraen kennen hir Choix’en – an zwar baséierend op Fakten a net op Ängschten.
• De Fraen gëtt nogelauschtert, si gi mat Respekt an Dignitéit behandelt.
• Mammen erënneren sech gär an houfreg un d’Gebuert vun hirem Kand/hire Kanner.
Ech géif nach gär ergänzen: Den zweeten Elterendeel kritt d’Méiglechkeet d’Gebuert aktiv mat ze erliewen a sech vun Ufank un als vollwäertegen Elterendeel ze fillen.

Eng feministesch Gebuert ass eng selbstbestëmmt Gebuert. Egal ob Cesarienne oder vaginal, ob mat Péridurale oder per Hypnobirthing, ob am Waasser, am Spidol oder Doheem. Awer d’Fraen mussen de Choix hunn, hir Optioune kennen an dozou ermächtegt ginn.

Glécklecherweis deet sech eppes hei am Land. Feministinnen a Gebuertsrechtsaktivistinnen** ginn ëmmer méi haart a méi visibel an och d’Rechter vun de liberalen Hiewannen gi lues a lues gestäerkt. Och ginn et engagéiert Journalist*innen déi sech dem Sujet unhuelen.

Doriwwer eraus kann all Mënsch zu engem Wandel bäidroen, andeems jonk Elteren – besonnesch jonk Mammen, an hirem Erliewen a Fillen eescht geholl ginn a mir ënnerteneen empathesch a solidaresch sinn.

D’Buch « Give Birth Like a Feminist » vum Milli Hill kënnt Dir an der Bibliothéik vum CID | Fraen an Gender ausléinen

Initiativen, déi sech fir eng besser Gebuertskultur zu Lëtzebuerg asetzen:

Dës Opzielung ass net ofschléissend.

Partager cet article

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag