Fräie Mikro Feministesch Aussepolitik

3, Mee 2021

Enn Abrëll huet déi däitsch Aktivistin Kristina Lunz – op Invitatioun vum CID Fraen an Gender an der Stad Lëtzebuerg, an ënnert dem Patronage vum Ausseministère – aus hirem Buch: Die Zukunft der Außenpolitik ist feministisch geliess. An hirem fräie Mikro gräift d’Isabelle Schmoetten zentral Elementer vum Buch nach emol op a bezitt se op Lëtzebuerg.

Fräie Mikro: Fir eng feministesch Aussepolitik

Aussepolitik ass zentral fir déi grouss global Erausfuerderungen unzegoen: d’Klimakris, Ugrëff op d’Mënscherechter, nuklear Oprëschtung, Pandemien – kënne net national mee just international geléist ginn.

Déi klassesch Aussepolitik, wéi se weltwäit bedriwwe gëtt, baséiert nach ëmmer op patriarchale Virstellungen a Logiken. Wien Muecht an Dominanz demonstréiert, gëllt als staark. Den eegenen Territoire an Afloss mussen erhalen a gestäerkt ginn. Dofir ginn et och haut nach Kolonien a Kricher.

Am Géigesaz dozou baséiert feministesch Aussepolitik op Mënscherechter, ganz besonnesch op engem fundéierte Verständnis vu Geschlechterverhältnisser, a gëtt vun der Zivilgesellschaft matformuléiert, funktionéiert also participativ. Se ass transparent, antirassistesch, antimilitaristesch an op Klimagerechtegkeet a Kooperatioun amplaz op Herrschaft iwwer anerer ausgeriicht.

D’Konzept vun der feministescher Aussepolitik kënnt aus der Zivilgesellschaft, a geet zeréck op d’Beméiungen vun Aktivist*innen, déi sech Ufank vum 20. Joerhonnert mat den Ursaache vu Konflikter a Gewalt befaasst hunn, fir doraus ze zéien, wéi e Kricher verhënnere kann.

Feministesch Konfliktfuerschung huet d’Konzept vum feministesche Fridden ervirbruet. Feministesche Fridden ass méi wéi d’Feele vu bewaffente Konflikter a Kricher. Déi militariséiert a patriarchal Virstellung vu Sécherheet als eng Ofsécherung vu staatlechem Terrain, gëtt ersat duerch d’Fuerderung no mënschlecher Sécherheet. Wou et Honger, Aarmut, sozial Ongläichheeten an Ongerechtegkeete gëtt, gëtt et also kee feministesche Fridden. E Beispill: Fraen, déi haislech Gewalt erlieft hunn leiden heefeg ënnert deene selwechten posttraumatesche Stéierungen, wéi Zaldot*innen, déi am Krich waren. Och wann si zu Lëtzebuerg liewen, liewe si net a Fridden.

Ziler vun enger feministescher Aussepolitik – fréier wéi haut – sinn d’Verstaatlechung vun der Rëschtungsindustrie, international Kontroll vum Waffenhandel an eng universell Ofrëschtung, am Sënn vun enger konkreter Friddenspolitik. Och Diversitéit an eng gläichberechtegt Representatioun vun de Geschlechter op allen diplomateschen an Decisiounsposten gehéiert zu den Ziler. Representatioun vu Fraen a Minoritéiten féiert zu enger besserer Politik (dat gëllt iwwregens net just fir d’Aussepolitik), well esou ënnerschiddlech Perspektiven a Realitéiten an d’Decisiounen afléissen. Diversitéit a fair Representatioun ginn awer net duer: Konventiounen, Kommunikatiouns- an Decisiounsweeër mussen hannerfrot a nei geduecht ginn fir ënnerdréckend patriarchal Strukturen ofzeschafen.

Einfach méi Fraen an d’Arméi ze kréien ass dofir och net d’Iddi vun enger feministescher Aussepolitik. Zil ass Konflikter ze verhënneren, net se gläichberechtegt ze maachen. An där selwechter Logik kuckt eng feministesch Aussepolitik och kritesch op international Resolutiounen. Natierlech si Resolutiounen, wéi zum Beispill déi géint Vergewaltegung als Krichswaff wichteg international Instrumenter. Allerdéngs soll Haaptzil bleiwen Krich ofzeschafen a net just Krich méi sécher ze maachen fir Fraen (falls dat zweet ouni dat éischt iwwerhaapt gelénge kann).

Zeréck zum Kär vu feministescher Aussepolitik: Ofrëschtung. Aus feministescher Perspektiv ass d’Verspriechen, dass Waffen zu méi Sécherheet féieren, eng Farce.

Atombommen sinn e besonnesch däitlechen a perversen Ausdrock vu patriarchaler Gewalt, also vun der Virstellung, dass Dominanz, physesch Kraaft a Gewalt Sécherheet garantéiere kënnen.

Et gi mëttlerweil méi Atomwaffen wéi nach am kale Krich. Wisou? Wéinst der sougenannter atomarer Ofschreckung. Well anscheinend kee sech traut se ze benotzen, wann e weess, dass souvill anerer der och hunn.

Awer net just Massevernichtungswaffen sinn eng Gefor fir d’Mënschheet. All 15 Minutten kënnt weltwäit eng Persoun duerch eng Schosswaff ëm d’Liewen. A méi wéi engem Drëttel vun de weltwäite Femizider (also Fraen, déi ëmbruecht ginn, well se Frae sinn), ass eng Schosswaff d’Mordinstrument. Eng nei, an der breeder Bevëlkerung nach net sou bekannt an ënnerschätzt Gefor sinn doriwwer eraus autonom Waffesystemer.

Lëtzebuerg gehéiert zu den éischte 9 Länner op der Welt (nieft Schweden, Kanada, Frankräich, Mexiko, Spuenien, Libyen, Chile an Däitschland), déi eng feministesch Aussepolitik deklaréiert hunn. Baséierend op dem sougenannten 3D Usaz: Diplomacy, Development an Defense solle Gläichberechtegung sou wéi Meederchers- a Fraerechter viru bruet ginn.

Fir de Lëtzebuerger Sëtz am Mënscherechtsrot kéint dat zum Beispill heeschen, dass déi Lëtzebuerger Diplomat*innen bei all Resolutioun a bei all Verhandlung froen: Wou sinn d’Fraen? Sëtze si mat um Dësch? Ginn d’Auswierkung op si geziilt analyséiert a mat beduecht?

Mat dem richtungsweisenden Konzept am Gepäck, kéint Lëtzebuerg theoretesch an d’Richtung vun enger Demilitariséierung an Ofrëschtung goen a bspw. den den internationale Vertraach, den Atomwaffen verbitt, ënnerschreiwen an aner Länner motivéieren et selwecht ze maachen.

D’Deklaratioun aus dem aktuelle Koalitiounsvertrag eng feministesch Aussepolitik ze verfollegen ass jiddefalls e begréissenswäerten a couragéierte Schrëtt. An der Theorie setzt feministesch Aussepolitik sech präzis a moossbar Ziler, déi transparent a verständlech sinn.

Et kann een*t also gespaant sinn op déi konkret Detailer vum zukünftegen Aktiounsplang vu Lëtzebuerg.

Nach méi gespaant däerf een*t sinn, ob dës fortschrëttlech Aussepolitik eis Innepolitik matrappe kann. Feministesch Aussepolitik muss koherent si mat der Innepolitik, an déi Wäerter déi no bausse vertruede ginn och no banne liewen, fir d’Bezeechnung ze verdéngen a net just tristen Pinkwashing ze sinn.

An der Theorie ass Gendermainstreaming, an dozou gehéiert och Genderbudgeting, en transversalen Prinzip vun der Lëtzebuerger Regierungspolitik, dat ass usech dezidéiert feministesch. Mir hu souguer e Ministère, den explizitt fir d’Gläichstellung zoustänneg ass.

An der Praxis misst dat heeschen, dass bei all neiem Gesetz, bei all Recherche, bei all Investitioun a bei all grousser politescher Decisioun gefrot gëtt: Wéi ginn déi verschidde Geschlechter berécksiichtegt a matgeduecht? Wéi wierkt sech dat op d’Geschlechter an op d’Geschlechterverhältnisser aus? Wann dës Froen gestallt an d’Äntwerten analyséiert géife ginn, kéint all eenzel politesch Mesure e positiven Impakt op déi sozial Gerechtegkeet hunn.

Vun enger feministescher Ausse-(Politik) géif net eng kleng Elite mee déi breet Bevëlkerung profitéieren. An dem Sënn hoffen ech, dass déi éischt 9 Länner mat guddem Beispill a ville konkreten Aktioune virginn a vill weider Länner nozéie wäerten.

Déi theoretesch Ausféierungen aus dësem Fräie Mikro baséieren um Buch „Die Zukunft der Aussenpolitik ist feministisch“ vun där däitscher Autorin Kristina Lunz. D’Buch kann an der Bibliothéik vum CID | Fraen an Gender ausgeléint ginn, sou wéi vill aner Bicher zum Sujet.

Diesen Artikel teilen

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag