Fräie Mikro « Gewalt géint Fraen – awer d’Männer net vergiessen »

Radio 100,7 10. Dezember 2020

Orange Masken, orange beliichte Gebaier, orange Profilfotoen op Facebook an eng etlech 100,7-Emissiounen – sinn all Deel vun där sougenannter « Orange Week ». Dobäi handelt et sech ëm eng international UNO-Campagne vum 25. November bis den 10. Dezember, déi dem Kampf géint Gewalt géint Fraen a Meedercher verschriwwen ass. « A wat ass mat de Männer? », froe sech eng sëlleg Persounen an de soziale Netzwierker. Domat befaasst d’Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender sech an hirem Fräie Mikro.

Lauschteren

Trotz deene ville Fortschrëtt an der Gläichstellung tëscht de Geschlechter berout geschlechtsbezu Gewalt géint Fraen a Meedercher och haut nach op der Iwwerzeegung, datt Männer de Fraen iwwerleeë sinn. A genee aus dem Grond – an elo gräifen ech vir – kann an dierf Gewalt géint Fraen net gläichgesat gi mat Gewalt géint Männer.

Gewalt géint Fraen ass eng vun den heefegste Mënscherechtsverletzungen weltwäit. Si ass déif verwuerzelt a strukturellem Sexismus, Misogynie a Geschlechterstereotyppen. Si existéiert an alle Länner, Regiounen a Kulturen a kennt keng sozioekonomesch Grenzen.

D’Donkelziffer abegraff ass dovun auszegoen, datt weltwäit all drëtt Fra an hirem Liewen Affer vu Gewalt vun engem Mann gëtt.

Méi wéi just haislech Gewalt

Bei der Orange Week – a speziell de 25. November – geet et net nëmmen ëm d’Siichtbarmaachen vun haislecher Gewalt a scho guer net ëm haislech Gewalt géint Fraen a Männer, och wa leider vill Strukturen, dorënner souguer de Gläichstellungsministère, hir Kommunikatioun dorop beschränken.

Et geet ëm haislech Gewalt an all hire Formen géint Meedercher a Fraen, et geet och ëm geschlechtsbezunn Online-Gewalt, sexualiséiert Gewalt, also verbal a kierperlech sexuell Belästegung oder Vergewaltegung. Et geet och ëm Fraenhandel, sexuell Ausbeutung a weiblech Genitalverstümmlung – an dat alles gëtt et och zu Lëtzebuerg.

Gewalt géint Meedercher a Fraen ass en dramateschen an e risege Sujet. Et ass net nëmme legitim e fir 16 Deeg an d’Vitrinn ze stellen, et ass och dringend noutwenneg.

Eng differenzéiert Kommunikatioun

Leider liesen ech zanter dem 25. November all Dag an ënner quasi all Post zum Sujet de Kommentar « A wat ass mat de Männer? » oder « Männer net vergiessen ». Gemengt ass hei leider net, wéini d’Männer, déi Täter gi sinn, zur Rechenschaft gezu ginn oder wéi Männer als Alliéierter Verantwortung iwwerhuele mussen. Neen, dës Fraen a Männer, déi an de Kommentaren aktiv sinn, wëllen ënnersträichen, datt och Männer Affer vu Gewalt ginn. Oft gëtt da nach erwäänt, datt et en Tabu ass, iwwer dat kee schwätzt, ausser natierlech déi couragéiert Persoun, déi do kommentéiert.

Ech sinn absolutt dofir, datt mir wärend der Orange Week méi differenzéiert kommunizéiere mussen. Besonnesch staark betraff vu geschlechtsbezu Gewalt a vun haislecher Gewalt si nämlech schwaarz Fraen, trans Fraen, lesbesch Fraen, Fraen mat enger Behënnerung, Fraen déi op der Strooss liewen a Fraen mat Migratiounsgeschicht.

Gewalt géint Fraen huet aner Ursaachen

Wann eng Persoun awer op dësem Dag iwwer Jongen a Männer wëllt schwätzen, ass dat leider iwwerhaapt keen Zeechen vun Differenzéierung oder Sensibilitéit oder Gerechtegkeetssënn. Et ass entweder en Zeechen dofir, dass e net verstanen huet, wourëm et bei dem Dag geet, oder et ass en Zeechen dofir, datt e sexistesch a misogyn Strukturen ganz déif verënnerlecht huet. Gewalt géint Fraen ass net mat där géint Männer ze vergläichen, si huet aner Ursaachen an dat musse mer verstoe fir hir kënnen entgéint ze wierken.

Jo, mir mussen an eiser Gesellschaft och iwwert Gewalt ganz generell schwätzen, sief dat haislech Gewalt vis-à-vis vu Männer, Gewalt tëscht Männer, Gewalt géint Kanner, strukturell Gewalt géint Minoritéiten, géint schwaarz Mënschen, géint Mënschen mat enger Behënnerung. An zwar all Joers tëscht dem 11. Dezember an dem 24. November.

Awer all Mënsch, all Ministère an all Institutioun, wou et net fäerdeg bréngt sech wärend 16 Deeg kloer ze positionéieren, ouni geschlechtsneutral ze kommunizéieren an/oder ouni op Männer ze verweisen ass leider net Deel vun der Léisung.

Dir maacht net nëmmen kengem e Gefalen, och net de Männer, dir verwässert domat just all d’Causen.

 

Partager cet article

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag