Mäin Numm ass Tammy Schmit an ech studéiere MA Politics and Society op der Maastricht University. Ech schaffe momentan un menger Masteraarbecht ‚Elengerzéiend Mammen zu Lëtzebuerg‘. De Fokus läit dobäi op der Perspektiv vun den Elengerzéienden.
Ech sichen dofir elengerzéiend Mammen zu Lëtzebuerg, déi Loscht an Zäit hätten, mat mir iwwert hiren Alldag an Erfarungen als Elengerzéiend ze schwätzen. Wier Dir bereet, Iech fir een Interview zur Verfügung ze stellen? Den Interview soll op Lëtzebuergesch oder Englesch statt fannen. Dauer kann 1-2 Stonnen sinn, oder och op zwee Deeg opgedeelt ginn. Ech passen mech gär Iech un.
Krittären:
• Dir bezeechent Iech als Fra an als Mamm
• Dir hutt op mannst ee Kand, wat bei Iech am Stot lieft.
• Op d‘mannst eent vun Äre Kanner schafft nach net, ass also nach vun Iech ofhängeg
• Wann Dir een/eng Partner*in hutt, dierf deen/déi net bei Iech am Stot ugemellt sinn
All Donnéeën an Informatioune ginn natierlech mat gréisstem Respekt a Virsiicht behandelt. Den Interview gëtt opgeholl an transkribéiert, an d‘Transkriptioun kann duerno vun Iech nach eemol duerchlies ginn. An der Aarbecht géif ech Är Identitéit duerch ee Pseudonym anonymiséieren.
Ech stinn Iech gären zu Verfügung, fir zousätzlech Froen iwwert meng Aarbecht ze beäntweren.
Ech freeë mech iwwert all positiv Réckmeldung. Merci.
Kontakt: Schreift mer op stagiaire@cid-fg.lu an ech melle mech bei Iech.
[Französisch und Englisch] Si les problématiques rencontrées changent d’un pays à l’autre, le centre des préoccupations reste le même: combattre les inégalités de genres... Weiter Lesen
DER CID
CID | Fraen an Gender ist ein Ort für alle die sich für Feminismus, Genderthemen, Gleichheit zwischen allen Geschlechtern interessieren und sich gegen Geschlechterstereotypen aussprechen.
Autres sites web
ÖFFNUNGSZEITEN
Dienstag. Mittwoch, Donnerstag, Freitag:
12 – 18Uhr
Im August und während den Weihnachtsferien ist das CID geschlossen.
© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag
Necessary cookies are absolutely essential for the website to function properly. This category only includes cookies that ensures basic functionalities and security features of the website. These cookies do not store any personal information.
Any cookies that may not be particularly necessary for the website to function and is used specifically to collect user personal data via analytics, ads, other embedded contents are termed as non-necessary cookies. It is mandatory to procure user consent prior to running these cookies on your website.