An der Schwemm

Samstag, 29. Juni 2024 20:30

Ee Kappsprong an d’lëtzebuergesch Museksgeschicht! Gutt honnert Joer, nodeems der Komponistin Lou Koster hiren eenzege Musekstheater 1922 uropgefouert gouf, ass An der Schwemm an enger adaptéierter Versioun am Escher Theater ze gesinn. Fir d‘Operette huet deemools de Schrëftsteller a Journalist Batty Weber d’Libretto op Lëtzebuergesch geschriwwen.
Erzielt gëtt d’Geschicht vun der selbstbewosster Schwëmmerin Lory, déi sech géint d’Avancë vum Fonctionnaire Zengerlé zur Wier setzt. Verkuckt huet hatt sech an de scheien Zaldot a Schwammmeeschter Reddy. D’Schwemm gëtt an dësem mol monteren, mol kriteschen Zenario zum Schmelzdigel vum gesellschaftleche Liewe vun den 1920 Joren. D’Bün gehéiert dobäi ganz der Haaptfigur, déi d’Fräiheet fir sech reklaméiert.
Fir dës Opféierung huet d’Komponistin Tatsiana Zelianko zwou kuerz Zeene kreéiert. An de Rol Gelhausen, bekannt uechtert d’Land als Kabarettist a Komponist, huet sengersäits ee kuerzt Libretto geschriwwen. Mat engem Gespier fir d’Stëmmung vum Original féiert hien d’Geschicht aus der Vergaangenheet an eis Géigewaart an entlackelt hir ganz eege Pointen.

No der Virstellung den 28. Januar invitéiere mir Iech op e Nogespréich am Sall mat de Kënschtler.

Weider Virstellungen am CAPE zu Ettelbréck (03 & 04/02) an um Festival de Wiltz (29/06).

Besetzung

Inszenéierung Marion Rothhaar Libretto Batty Weber, Roland Gelhausen Musek Lou Koster, Tatsiana Zelianko Musikalesch Leedung Jonathan Kaell Bünebild a Kostümer Peggy Wurth Regieassistenz Laetitia Lang Coiffure a Maquillage Joël Seiller Gesank Christophe Bornet, Loïc Schlentz, Valérie Stammet Mat Luc Lamesch, Misch Gessner Chouer Julien Ardouin, Julie Colin, Cipriano De Guzman Jr., Sandrine Garçon, Marie Mathieu, Henrik Mazur, Amandine Moutier, Michèle Turpel Chouer Leedung Andy Loor Orchester Orchestre de Chambre du Luxembourg Musiciens Thomas Layes (Piano), Isabel Van Grysperre (Konzertmeister), Maria Kulowska (Violoncelle), Patricio Banda Caviedes (Contrebasse), Emma Landarrabilco (Flûte), Malou Garofalo (Clarinette), Philippe Neumann (Trompette), Christopher Hastings (Percussions) Crédit photo Patrick Galbats

Produktion

Production Opera mobile Coproduction Escher Theater ; CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbruck ; Festival Wiltz ; INECC Luxembourg ; MASKéNADA Soutien Ministère de la Culture du Grand-Duché de Luxembourg ; SACEM Luxembourg ; Fondation Indépendance
Collaboration CID | Fraen an Gender ; Sequenda asbl

DOORS 19:30 EVENT 20:30 SITZPLÄTZE  FREIE SITZPLATZ-AUSWAHL

Tickets: https://www.festivaldewiltz.lu/de/anderschwemm/

Wann?: Samstag, den 29. Juni um 20:30Uhr
Wo? Amphitheater Wiltz, 1, Rue du Château L-9516 Wiltz
Org? Festival de Wiltz

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag