Carte Blanche „Wéi schwätze mir mateneen?“

03.11.2023

Carte Blanche op RTL vum Claire Schadeck

Wéi schwätze mir mateneen?

„Hu mir soss keng Problemer?“ An dëser Carte Blanche riicht d’Claire Schadeck vum CID | Fraen an Gender sech un all déi Leit, deene beim Thema Gläichberechtegung a Feminismus de Bols an d’Luucht schéisst.

Ech sinn duerch an duerch feministesch an dovun iwwerzeegt, dass kee Mënsch op Grond vu sengem Geschlecht benodeelegt an/oder diskriminéiert dierf ginn. A wann ech mir Zuelen zu dësem Thema ukucken oder op perséinlech Erfarungen zeréck gräifen, da ginn ech dora bestätegt, dass Gläichberechtegung weder op internationalem Niveau, nach hei zu Lëtzebuerg erreecht ass.

Ech wëll awer elo net iwwer d’Ursaachen dovun, an och net iwwer déi noutwenneg Strategië schwätzen, déi dës Ongläichheete bekämpfe kéinten.

Ech wëll villméi doriwwer schwätzen, dass et ëmmer méi ustrengend gëtt fir Geschlechtergerechtegkeet an Diskriminéierungsformen ëffentlech ze diskutéieren. Wann ech mir d’Kommentaren ënnert ëffentlechen Artikelen duerchliesen, déi sech mat dësem Thema beschäftegen, da fannen ech do ganz vill Verkennung an Ignoranz vis-à-vis vun der Realitéit vun Ongläichheeten. An donieft liesen ech och ëmmer méi Stëmmen, déi sech erofloossend a respektlos äusseren, déi zum Deel perséinlech ginn an zum Deel ee ganz aggressiven Toun un den Dag leeën. An dat huet näischt méi mat Meenungsfräiheet ze dinn. Dat ass eng kloer Strategie fir duerch Aggressioun a Ridiculiséiere kritesch Stëmmen aus dem ëffentlechen Discours auszeschléissen.

Ech si fest dovun iwwerzeegt, dass et net duer geet, nëmme mat Mënschen ze diskutéieren déi der selwechter Meenung sinn. Mee ech weess net wéi eng Sprooch ech schwätze soll fir dass mäi Géigeniwwer net direkt d’Oueren zou mëscht.

Dofir meng Fro un dech, deen dat hei héiert oder liest a sech negativ äussere wëll: Bass du tatsächlech an entgéint all den Zuelen dovun iwwerzeegt, dass een Engagement fir Gläichberechtegung iwwerflësseg ass? Oder läit et dorun, dass ech mech als feministesch bezeechent hunn?

Géint wat genau riicht sech deng Kritik?

Ech mengen dat absolutt net zynesch. Ech wëll wierklech gär ee Wee fannen, wéi mir matenee schwätze kënnen, ouni dass sech ee vun eis an den Eck gedréckt fillt. Mee ech wënsche mir och, dass d’Realitéit vu geschlechtsbedéngter Diskriminéierung ëffentlech ugeschwat ka ginn, ouni respektlos an den Dréck gezunn ze ginn.

Wa mir net endlech ufänken an een éierlechen Dialog mateneen ze trieden, deen op Fairness a Respekt baséiert, da verschwende mir eis Zäit. An dat ass Zäit, déi mir sënnvoll an d’Bekämpfung vu geschlechtsbedéngter Ongläichheet stieche missten.

Diesen Artikel teilen

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag