Statement géint d’Haass-Campagne géint d’Tatta Tom an d’LGBTIQ+ Persounen

D’lescht Woch huet d’Escher Bibliothéik eng Liesung vun der Drag Queen-Kënschtlerin Tatta Tom ugekënnegt, fir Kanner ab 6 Joer op Froen vun Toleranz an Inclusioun ze sensibiliséieren. D’Kënschtlerin ass doropshin Affer ginn vun enger schändlecher, homophober Haasscampagne. Mir ënnerstëtzen si an dëser schwiereger Phase. D’LGBTIQ+ Phobie ass e Monster, dat net stieft. Nach ëmmer ginn al Dag jonk a manner jonk Memberen vun der LGBTIQ+ Communautéit mat Diskriminatioun an Haass konfrontéiert. All d’Associatiounen, déi dësen Communiqué ënnerschreiwen, engagéieren sech am Kampf géint dës Plo. Loosst eis zesummen fir eng inklusiv Welt antrieden, an där jiddereen seng Plaz huet a loosst eis all Form vun Haass ofleenen.

Signatairen :
Amnesty International Luxembourg
caritas
Centre LGBTIQ+ CIGALE
Centre pour l’égalité de traitement
CID Fraen an Gender
Commission consultative des Droits de l’Homme
Familljen-Center
OKAJU, Ombudsman fir Kanner a Jugendlecher
Rosa Lëtzebuerg
Uni.lu LGBT+ students‘ association

Diesen Artikel teilen

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag