Fräie Mikro Fir eng finanziell Entschiedegung vun där onbezuelter Care-Aarbecht

Fräie Mikro 100,7 | 21. Mäerz 2023

An deene leschte Méint gouf vill geschwat a geschriwwen iwwer d’Wichtegkeet vun enke Bezuchspersounen an deenen éischten dräi Liewensjoer fir eng sécher Bindung an domat eng stabil Basis fir d’Liewe kënnen opzebauen. Vir- a Nodeeler vu Friembetreiung an de Crèchen a Maisons Relaisen goufen debattéiert. Fuerderungen no engem bessere Betreiungsschlëssel, no méi Qualitéit am non-formale Bildungsberäich oder och nach d’Ausbezuelung vun de Chèques-Services un Elteren, déi manner schaffen, fir sech doheem ëm hir Kanner ze këmmeren, goufe gefuerdert. Mam leschte Punkt befaasst sech d’Isabelle Schmoetten an hirem Fräie Mikro.

Lauschteren:https://100komma7.lu/

Fir eng finanziell Entschiedegung vun där onbezuelter Care-Aarbecht

Aus feministescher Perspektiv muss d’Zil ëmmer sinn de Choix ze hunn.
Dofir gehéieren ech zu deene Feministinnen, déi fannen, dass onbezuelt Care Aarbecht muss unerkannt ginn an dass e muss de Choix hunn, wéi e Famill an Aarbechtsliewe wëll organiséieren – fräi vun Gender Rollebiller a fräi vu kapitalisteschen Ideologien. Eng finanziell Entschiedegung fir Elteren, déi sech selwer wëllen ëm hir Kanner këmmeren, fannen ech dofir legitim a sënnvoll. An där selwechter Logik sinn ech och fir eng finanziell Entschiedegung fir erwuesse Kanner, déi hir Eltere fleegen.

Am Gespréich mat anere Feministinnen hunn ech festgestallt, dass d’Meenunge bei dësem Sujet wäit ausernee ginn. Déi Haaptsuerg: eng finanziell Entschiedegung vun onbezuelter Care-Aarbecht géif dozou féieren, dass d’Frae rëm an d’Rollebild vun de 50er zeréckfalen, sech doheem ëm Kanner a Stot këmmeren, finanziell ofhängeg sinn, a keen Afloss op wichteg gesellschaftlech Decisiounen hunn, während d’Männer Vollzäit schaffen, Karriär maachen an erëm ongestéiert an der Roll vum Patriarch kënnen opgoen.
Also eppes, géint dem seng Alternativlosegkeet vill couragéiert Feministinne joerzéngtelaang gekämpft hunn.

Opgrond vun deene Kämpf kënne Fraen haut theoretesch entscheeden, ob se Deelzäit, Vollzäit oder guer net schaffe ginn. Ob se Kanner wëllen oder net. Si hunn de Choix.

Awer wéi fräi si mir wierklech?

Zum enge gi mir nach ëmmer fir all Choix verurteelt a kritiséiert: egal ob mir ganz oder hallef schaffen, Kanner kréien oder eis dogéint entscheeden.
Zum anere bestëmmt virun allem d’Wirtschaft wéi d’Verhältnis vun Aarbecht a Famill ass. D’Logik vu Wuesstem a Profit, op där eise Gesellschaftsmodell baséiert, funktionéiert numol am beschte wann all Mënsch Vollzäit schafft.

An dësem Modell kënne just déi Räich et sech leeschten, dass een Elterendeel doheem bleift. An deene meeschte Famille musse béid Elterendeeler Vollzäit schaffe fir Loyer, Prêt a Liewenskäschten ze bewältegen. Deelzäit schaffen ass just an där gutt bezuelter Mëttelschicht méiglech – op Käschte vun den – virun allem – Fraen, déi nieft Duebelbelaaschtung mat manner Salaire a mat manner Pensioun mussen eens ginn. Op Käschten och vun deenen oft migrantesche Fraen, déi da fir de Mindestloun (wann iwwerhaapt) botzen, wäschen a strecken.

Eng finanziell Unerkennung vun onbezuelter Care-Aarbecht ass eng kleng Mesure, déi all den Elteren, net just deene räichen, méi Choix an der Gestaltung vun hirer Familljenorganisatioun géif ginn.
De Risk vun der finanzieller Ofhängegkeet an der Altersarmutt, den all Mënsch de net Vollzäit schafft betrëfft, kéint een iwwert eng obligatoresch Opstockung vun der Pensioun verréngeren – bezuelt vum Elterendeel mat dem méi héije Gehalt.

A vergiesse mer net, dass net nëmme Fraen a Kanner mee och ganz vill Männer ënnert dem aktuelle Liewens- a Schaffmodell leiden. Déi gär géife manner schaffe fir sech ëm hir Kanner, hir Elteren an den Haushalt ze këmmeren.

Ze verhënneren, dass ee Kanner onofhängeg vum Akommes doheem ka versuergen, aus Angscht d’Frae géife rëm all doheem bleiwen, wäert net zu enger Iwwerwannung vun ale Rollebiller féieren.

Eng méi ausgeglache Verdeelung vun der onbezuelter Care Aarbecht, déi hirersäits e groussen Afloss op méi Gläichberechtegung hätt, ass iwwer zwou Mesuren ze erreechen: D’Aarbechtszäitverkierzung op eng 32-Stonnen-Woch fir all Mënsch. An d’Aféierung vun engem Congé de Naissance vun 3 Méint fir den Elterendeel, de no der Gebuert net am Congé Maternité ass.

 

Diesen Artikel teilen

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag