Carte blanche iwwert sexualiséiert Belästigungen am ëffentleche Raum

[Allemand]

Wiem seng Strooss ass et?

a senger éischter Carte Blanche op RTL fir de CID schwätzt d’Claire Schadeck iwwert sexualiséiert Belästigungen deene Fraen am ëffentleche Raum ausgesat sinn:

https://www.rtl.lu/meenung/carte-blanche

Wien däerf sech fräi am ëffentleche Raum zu Lëtzebuerg beweegen? Firwat kréie Fraen dacks gesot, si sollen owes net eleng virun d’Dier goen? An dëser Carte Blanche schwätzt d’Claire Schadeck vum « CID Fraen an Gender » iwwer sexualiséiert a geschlechtsbedéngt Belästegung an der Ëffentlechkeet a wéi mir an engem demokratesche Land dogéint virgoe kënnen.

« Wéi fillt et sech un als Fra owes eleng duerch d’Stroossbuerger Strooss ze trëppelen? »

Mat dëser Fro huet mech virun e puer Méint eng Journalistin kontaktéiert. Ech hu mir also Gedanken doriwwer gemaach, wéi et mir an deene Momenter geet, wou ech owes eleng ënnerwee sinn. Mir ass opgefall, dass ech a sou Momenter dacks bei Frënn oder Frëndinnen uruffen. Manner, well si da matkréie géingen, wann ech domm ugemaach géing ginn, mä éischter, well sou Gespréicher mir d’Gefill ginn, ebe grad net eleng ze sinn. Mä firwat hunn ech iwwerhaapt de Besoin, wann ech owes ënnerwee sinn, mech net eleng ze fillen?

Ech fille mech net onbedéngt onwuel, well ech reegelméisseg belästegt géing ginn. Ech fille mech éischter onwuel aus der Angscht, ech kéint belästegt ginn.

A mengem Ëmfeld kann all Fra vun enger Erfarung zielen, wéi si vun engem Mann belästegt gouf. Ëmgedréint ass dat net esou.

Meedercher a Frae kréien heefeg gesot, si sollen owes net eleng virun d’Dier goen, mat engem Taxi heem fueren oder aus Verdeedegungsgrënn de Schlëssel an de Grapp huelen. Dës Haltung féiert dozou, dass ëmmer méi Fraen aus Angscht, et kéint hinnen eppes geschéien – an domat mengen ech, jeeglech Forme vu Belästegung bis kierperlecher Gewalt – sech aus dem ëffentleche Raum zréckzéien. Wann ech mech net wuel fillen an enger Situatioun, da probéieren ech déi am ideale Fall komplett ze ëmgoen.

Reng statistesch gesinn, fënnt Gewalt géint Meedercher a Frae virun allem doheem statt. Awer och op der Strooss erliewe si Belästegung a Gewalt. Laut dem Europäeschen Institut fir Geschlechtergerechtegkeet, erliewe Fraen a queer Mënschen am Verglach zu Männer iwwerproportional geschlechtsspezifesch Belästegung am ëffentleche Raum. Et ass deemno eng Realitéit, dass eis Stroossen net fir all Mënsch d’selwecht zougänglech a sécher sinn.

Mä: Dat ze änneren, däerf net Aufgab vun de Betraffene sinn. Mir mussen ophale mam Victim Blaming. D’Ursaache vu Belästegung däerfen net bei de Betraffene gesicht ginn, mä bei den Täterinnen an Täter. Een éischte Léisungsusaz wier, dass mir eisen Ëmgang mat betraffene Persounen änneren. Weder déi kuerz Jupen nach d’Tatsaach, dass eng Fra an der Nuecht zu Fouss heem trëppelt, rechtfäerdegt d’Angscht viru Belästegung oder eben déi tatsächlech Gewalt. Et gëllt vill méi déi tatsächlech Verantwortlech – nämlech, déi, déi aner Mënsche belästegen – zur Rechenschaft ze zéien.

D’Verantwortung läit bei eis alleguer: Wie soll sech kënne fräi am ëffentleche Raum beweegen? Wat sinn d’Konsequenzen, déi mir doraus zéien, dass den ëffentleche Raum Gefore mat sech bréngt? Wéi schwätze mir doriwwer a wien iwwerhëlt Responsabilitéit? A wéi wichteg ass et eis iwwerhaapt, dass mir eis alleguer fräi a sécher beweege kënnen?

E laangjärege feministesche Slogan bréngt et op de Punkt: Wiem seng Strooss ass et? Eis Strooss. An zwar déi vun eis alleguer.

Partager cet article

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag