Virstellung Parteien Table ronde Eng feministesch Zukunft?

[De et En]

Mat Bléck op d’Chamberwalen luet de CID | Fraen an Gender an op eng Table Ronde mat Vertrieder*inne vu lëtzbuerger Parteien an stellt hinne Froen zu geschlechtsrelevanten Themen.
Hei d’Virstellung vun de Participant*en aus den eenzelne Parteien an e Link zu eise Walfuerderungen
LSAP

Max Leners

« D’Parlament, als den Uert wou d’Gesetzer gestëmmt ginn, déi eist Zesummeliewe bestëmmen, soll keen « alen Härrenclub » méi sinn. Duerfir muss de politesche Fonctionement méi familljefrëndlech an oppe sinn, virun allem d’Parteien an déi jonk Politiker sinn do gefuerdert. »

Biographie: Max Leners, 30 Joer, Affekot, méi iwwer mech an meng politesch Positiounen fannt dir op mengem Site: www.leners.lu

Maxime Miltgen

« Bei der Fro vun der Egalitéit tëschent de Geschlechter ass wuel ee vun de gréisste Probleemer, dass vill Leit Gläichberechtegung mat Gläichstellung verwiesselen. Déi haart Realitéit ass awer, dass d’Egalitéit virum Gesetz ëmmer nëmmen en Ufank duerstellt. Fir eng reell Egalitéit tëschent de Geschlechter ze erreeche brauch et en seriöen gesellschaftleche Wandel. Op deem Punkt si mir leider nach laang net, an dofir dierfe mir ni ufänken eis Rechter als Acquisen unzegesinn an ni ophale fir d’Gläichstellung vu Frae wei Männer ze kämpfen. »

Maxime Miltgen, 30 Joer al, Juristin an aktuell täteg als Kommunikatiounsexpertin. D’Thema Gläichstellung tëschent de Geschlechter, de Kampf géint Tabu’en a virun allem de Wonsch doriwwer opzeklären, dass Fraen a Männer a ville Beräicher nach ëmmer net gläichgestallt sinn, hunn schonn ëmmer eng grouss Roll am Maxime sengem Liewe gespillt. Säit 2018 ass hat politesch aktiv a Member an der LSAP. Vun 2019 un ass d’Maxime Präsidentin vun de Femmes socialistes a säit 2023 Gemengeconseillère an der Stad Lëtzebuerg. Donieft ass hat als Präsident vu de FS an der feministescher Plattform JIF engagéiert an der hat mat anere Feminist:innen de Fraestreik am Kader vum internationale Weltfraendag organiséiert.

DP

Barbara Agostino

„Fraerechter si Mënscherechter, dofir wäert ech mech an alle Beräicher, sief et Beruff, Famill a Sport, dofir asetzen dass Meedercher a Fraen net diskriminéiert ginn an déi selwecht Méiglechkeete kréien sech ze realiséieren! – an dat heescht och fräi vun all Gewalt a Virurteeler!“

  • Gebuer 6.7.82 zu Esch-Uelzecht a bestued , wunnen elo säit 2023 rëm an der Gemeng Péiteng wou ech meng ganz Kandheet verbruecht hunn.
  • Studien: Educatrice (LTPES/Luxembourg) a Léierin (Virton/Bastogne)
  • Professionell: Léierin an der Sainte Sophie a parallel Crèchen opgebaut (vun 2009 bis 2016) an du Gestonnaire de Crèches, zum Schluss woren et der 22 am In- an Ausland, déi ech 2019 verkaaft hunn. Duerno nach bis 2021 do geschafft, säit 2022 Foraine.
  • Politesch Engagement: säit 2009 bei der DP, 2023 Conseillère an der Gemeng Péiteng wou mer eisen Score verduebelt hunn, Juli 2023 Deputéiert, wou ech mech besonnesch ëm d’Ressorte Logement, Mobilitéit an Ëmwelt këmmeren.

Max Hahn

 „All Mënsch soll déi selwecht Chancen am Liewen hunn, onofhängeg vu Geschlecht, Alter, Originnen. Fraerechter si Mënscherechter.“

De Max Hahn ass geléierten Elektroingenieur an huet laang Joer als Offizéier bei de Beruffspompjee geschafft. 2005 ass hien eng éischte Kéier mat an d’Gemengewale gaang an zënter 2011 huet hie sech als Schäffen zu Dippech virun allem fir méi Liewensqualitéit a Form vun enger nohalteger Verkéiersberouegung a senger Gemeng agesat

2013 gouf hien an der Chamber gewielt. Hei war hien President vun der Familljekommissioun an DP-Spriecher zum Logement, an huet sech och ëm déi nohalteg Dossiere ronderëm d’Mobilitéit, de Klima- an Ëmweltschutz an d’Landesplanung gekëmmert.
Zënter Juni 2023 ass de Max Hahn Minister fir Famill, Integratioun an d’Groussregioun. Vun 2005 un Member an der Demokratescher Partei, ass hien säit 2016 éischte Vize-President vun der DP.

Déi gréng

François Benoy

« Mir hunn nach ee wäite Wee ze goen, fir d’Ongläichheeten tëscht de Geschlechter ofzeschafen. Dofir brauche mir eng méi proaktiv Politik an alle Beräicher, ma och d’Männer musse méi Verantwortung am Alldag bei der Care Aarbecht iwwerhuelen! »

De François Benoy ass e Politiker vun déi gréng. 2018 ass hien an d’Chamber gewielt ginn, wou hie säitdeem d’Kommissioun fir Ëmwelt, Klima, Energie a Landesplanung presidéiert, a Vizepresident vun der grénger Fraktioun ass. Hien ass bestuet, Papp vun zwee Kanner a wunnt zu Bouneweg.

No sengem Studium vun de Politikwëssenschaften an der Soziologie huet hie seng berufflech Karriär als Journalist bei RTL ugefaangen. Spéider huet hien als Koordinator bei der Ëmwelt-ONG natur&ëmwelt a.s.b.l. geschafft, an dat bis hie säi Mandat als Deputéierten ugeholl huet.
2013 ass hien an der Stad Lëtzebuerg zum Gemengerot gewielt ginn, wou hien zanter 2018 Fraktiounspresident ass.

Dem François seng politesch Schwéierpunkte sinn Ëmwelt, Klima, Landwirtschaft, Finanzen, Logement, Urbanismus a Bierger*inne-Bedeelegung.

Jessie Thill

« Feminismus ass fir mech net just e Kampf fir d’Chancëgläichheet tëschent Fraen a Männer, mee d’Bestriewen no enger méi inklusiver a gerechter Gesellschaft fir jidder*eent »

D’Jessie Thill ass eng Politikerin vun déi gréng. Si ass zanter Januar 2022 Deputéiert fir den Zentrumsbezierk. An der Chamber ass si Vizepresidentin vun der Kommissioun fir d’Budgetskontroll.

D’Jessie ass geléiert Ëmweltphysikerin an huet bis zu hirer Vereedegung als Deputéiert als Chargée d’études bei der Ëmweltverwaltung geschafft. Zanter 2020 ass si Schäffin vun der Gemeng Walfer, wou si virdrun och schonns zanter 2017 Member vum Gemengerot war.

Hir politesch Schwéierpunkte si virun allem den Ëmwelt- an de Klimaschutz. Hir Iwwerzeegung, datt d’Klima- an d’Biodiversitéitskris eng vun deene gréissten Erausfuerderunge vun eiser Zäit ass, huet si zu engem politeschen Engagement bei déi gréng beweegt. D’Jessie bekennt sech kloer zum Feminismus an zur Chancëgläichheet tëschent de Geschlechter.

CSV

Paul Galles

« Mäin Engagement géint d’Aarmut, de Klimawandel an d’Diskriminatioun weisen alleguer, dass heiheem a weltwäit ëmmer virun allem d’Fraen déi sinn, déi am meeschten drënner leiden. Dat muss eriwwer sinn! »

Biografie:

Meng Ausbildung: Theolog a Philosoph, mäi Beruff: Sozialaarbechter, meng Faszinatioun: Reesen, Entdecken, Sprooche léieren, an italienesch Kichen, meng Hobbien: Sport, Liesen an Gespréicher, meng Dreem: eng gerecht Welt ouni Aarmut an ouni ongerecht Behandlung vu Mënschen, Klima a Länner, meng Fuktiounen: Deputéierten, Schoulschäffen an der Stad, Vize-Präsident vun der CSV.

Stéphanie Weydert

« Stand up for your rights. Trau dech, engagéiert dech a kämpf fir deng Saach, well nëmmen sou kanns de Erfolleg hunn an eppes änneren ! »

D’Stéphanie Weydert ass 39 Joer an ass vu Beruff Affekotin. Si ass zënter 2022 CSV-Generalsekretärin a Buergermeeschtesch vun der Gemeng Rouspert-Mompech. An der Gemengepolitik ass si zënter 2014 aktiv, fir d’éischt als Conseillère vun der Gemeng Mompech a vun 2018 bis September 2022 als éischt Schäffin vun der Fusiounsgemeng Rouspert-Mompech.
Donieft engagéiert si sech fir eis eeler Matbierger, Matbierger mat Behënnerung, Kanner a Jugendlech am Verwaltungsrot vun « elisabeth  – am sozialen Déngscht zu Lëtzebuerg ».

Nieft der Entwécklung vum ländleche Raum an der Ekonomie, läit dem Stéphanie Weydert d’Inclusioun an d’Chancëgläichheet vu Mënsche mat enger Behënnerung an enger intellektueller Beanträchtegung ganz besonnesch um Häerz.

ADR

Luc Reyter

« Fir e bessere Kader amplaz eng Geschlechterlobby: Gläichberechtegt Participatioun um Aarbechtsmaart, gläich Bezuelung fir gläich Aarbecht a besser Kompatibilitéit vu Famill a Beruff. »

De Luc Reyter engagéiert sech souwuel als Südbezierkspresident vun der ADR, wéi och als Sektiounspresident vu Suessem. Hien ass 37 Joer jonk, bestuet, Papp vun 2 Kanner a schafft als Staatsbeamten. Gesellschaftlech setzt hien sech fir eng gläichberechtegt Participatioun vu Fraen a Männer um Aarbechtsmaart an. Dëst ënnert anerem duerch Fërderung vun enger partnerschaftlecher Opdeelung tëscht Aarbecht a Kannerbetreiung. Ausserdeem sollen de Wieler méi Matsproocherechter bei der Ofstëmmung vu wichtege Gesetzesprojeten zougestane ginn, dëst also och bei geschlechtsrelevanten Themen. Hien bezeechent sech selwer als libertär aus Iwwerzeegung. Fir hie bedeit dat: „Souvill Staat ewéi néideg, sou mann Staat ewéi méiglech“.

Nicky Stoffel

« E Mann well daat Selwescht vun enger Fraa, wei eng Fraa vun engem Mann: RESPEKT. »

  • 48 Joer
  • Mamm vun 4 Kanner tëschent 18 an 11 Joer
  • Affekoot
  • Member am Staatsroot

Hobbien:

  • Tennis spillen an Laafen goen
  • Matt mengem Hond spazeieren goen
  • 15 Henger an 4 Mierschwengerscher versuergen
  • Aquaponie Zerre
  • An natiirlech eppes matt menger Famill ennerhuelen
Piraten

Sonya Scalise

« Feminismus ass keen Hobby. Et ass ee Kampf, deen all Mënsch soll ugoe bis d’Mënschegläichheet endlech fir jiddereen déi selwecht Definitioun huet. » 

D’Sonya ass säit 10 Joer politesch aktiv, well hat net méi nokucke wollt, wéi offensichtlech Ongerechtegkeeten einfach weiderbestinn, ouni dass ee se kritiséiert. Et ass him wichteg, deene Schwächsten aus der Gesellschaft eng Stëmm ze ginn a fir si anzestoen.
Hat beschreift säin Asaz fir d’Fraebeweegung als genderneutrale Feminismus, dee staark beaflosst ass vum Asaz an de Gedanke vu de gréissten an eelste lëtzebuergesche Feministinnen, bei deenen hat d’Chance hat ze léieren.

An der Piratepartei ass d‘Sonya Beoptraagte fir Fraen- a Mënscherechter fir de Bezierk Süden a geet och am Süde bei de kommende Walen an d’Course.

Mathis Godefroid

« D’Geschlecht seet näischt iwwert engem seng Qualitéiten, Eegenschaften oder Fäegkeeten aus. D’gläich Bezuelung wéi eng Gleichbehandlung am Beruff an am gesellschaftleche Beräich muss elo kommen an areecht ginn. »

De Mathis Godefroid setzt sech politesch besonnesch fir d’Theme vun der Bildung an der Aarbecht an. Speziell fir déi Jugendlech, déi mat der aktueller Polykrise konfrontéiert sinn, wëll hien sech staark maachen. Säin Zil wär, Chancëgläichheet an alle Gebitter ze erreechen.

De 25 Joer ale Gewerkschaftler ass fir d’Pirate Conseiller an der Gemeng Hesper, Spriecher vum Bezierk Zentrum, Spriecher vun de Jonke Piraten an Deel vun der Parteileedung. ​
Nieft sengem Studium a politeschen Engagementer, schafft de Fussballamateur bei der Universität des Saarlandes als wëssenschaftlech Hëllefskraaft beim Léierstull fir Kultur a Mediegeschicht.

Déi Lénk

Ana Correia Da Veiga

„Déi Fortschrëtter a Fräiheeten, déi mir an der Fraebeweegung, déi leschte Joren haart erkämpft hunn, ginn ëmmer erëm Attackéiert an a Fro gestalt. Dofir brauche mir grad elo e Feminismus fir déi 99% , déi d’Intersectionnalitéit unerkennt. Gemeinsam kenne mir d’Ënnerdréckungsmechanismusen duerch Gereecht – an Demokratesch- Operandis ersetzen.“

Ana Correia Da Veiga est issue d’une famille capverdienne. Elle est l’aînée d’une fratrie de quatre. Jeune adulte, elle s’engage aussi dans l’association Comité Spencer, qui sensibilisait aux violences juvéniles et promouvait la culture capverdienne.
Elle a participé à des échanges européens. Ces expériences lui ont permis de faire le lien entre le contexte luxembourgeois et l’international : « Partout dans le monde, la pauvreté, les discriminations et les violences se répètent. » Ce constat l’amené à s’engager politiquement, mais aussi à entamer des études dans l’accompagnement des enfants et des jeunes.

2022 : membre du bureau exécutifs : Partie de gauche Européenne
2020-2023 : conseillère communale VDL
2017 : coopératrice : habitat participatif Adhoc
2013 : membre de la Coordination Nationale

Laurent Fisch

« La réduction systématique des inégalités des chances et du traitement en fonction du sexe constituent un des plus urgents défis pour nous tous. De cette réduction dépend – entre autres – le bonheur et l’épanouissement d’au moins la moitié de l’humanité. » (Laurent Fisch)

55 ans, Avocat, 3 enfants

Mon engagement politique et social a pris forme il y a seulement quelques années quand j’ai constaté que les problèmes que j’avais laissé – à l’âge de 25 ans – le soin aux autres de résoudre à ma place, n’étaient nullement résolus 30 ans plus tard ! J’essaie aujourd’hui d’avancer les yeux ouverts sur les inégalités, injustices et préjugés de toutes sortes, d’agir en conséquence et d’inviter mes ami(e)s et ma famille à me rejoindre dans ce combat de tous les jours.

A partir de 2018 – Aide et assistance juridique « pro bono » à des associations sociales ;
Depuis 2019 – Membre de la Coordination Nationale de déi Lénk
2023 – Conseiller communal (Bech) et candidat aux élection nationales dans la circonscription Est

Wou?: Centre culturel Bonnevoie | 2 rue des Ardennes, L-1133 Luxembourg
Partager cet article

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag