Fräie Mikro Sex(-istesch) Duebelmoral

[De]

Let’s talk about sex (-istesch) Duebelmoral

D’Sandra Dessi an d’Enji Ismaili, Franséischproff an Assistante Sociale am Lycée Belval, hunn eng Petitioun lancéiert fir déi sougenannt Certificats de virginité ze verbidden. Hir Petitioun krut genuch Ënnerschrëften a wäert an der Chamber debattéiert ginn. D’Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender mécht sech an hirem Fräie Mikro e puer Gedanken zum Sujet.

 

 

 

 

 

 

Ech kéint a mengem Fräie Mikro op den Ursprong vum Konstrukt vun der Jongfralechkeet agoen – e Konzept, dat besonnesch an de monotheistesche Weltreliounen eng Roll spillt an dat de Wäert vun enger Fra um Zoustand vun hirer Sexualitéit moosst. Ech kéint erklären, dass et medezinesch net méiglech ass ze bestëmmen, ob eng Fra scho Sex hat oder net an dass en Zertifikat den dëst soll zertifiéiere sexistesch, archaesch a sënnfräi ass.

Geschlechtsverbonne Moralvirstellungen

Ech mengen awer, datt d’100komma7 Lauschterinnen a Lauschterer sech en gros wäerten eens sinn, datt den Usproch als Jongfra an e Bestietnis ze goen, zu Lëtzebuerg net méi wierklech eng Roll spillt.

Mee gëtt et och Eenegkeet, wann ech soen, datt all Kand e Recht huet op eng selbstbestëmmt an altersgerecht sexuell Educatioun an Entwécklung? Datt mir musse fräi si vu geschlechtsgebonnene Moralvirstellungen, wa mir un d’Sexualitéit vu Jugendlechen denken?

Ass et net sou, datt Pappe vu Meedercher nach ëmmer am Laache soen « dat do dierf fréistens mat 18 op en Date » a gläichzäiteg bei hire Jongen houfreg sinn, wann se fréi a vill sexuell aktiv sinn? Hu mir net nach ëmmer eng kloer Duebelmoral, wou Meedercher am Lycée e schlechte Ruff hunn, wann se scho mat e puer Typen eppes haten oder ganz oppen a selbstbewosst mat hirer Sexualitéit ëmginn a Jongen am selwechte Fall als richtege Mann a Fraenheld gefeiert ginn? Jongen a Männer vu quasi all Alter an all Liewenssituatioun gëtt eng selbstbestëmmt Sexualitéit zougestanen. Dat ass bei Meedercher a Fraen anescht. Wann e Meedchen « ze fréi » Sex huet, ass et Slut-shaming ausgesat, huet eng Fra ze spéit oder guer kee Sex gëtt se ofwäertend als frigid Jongfra ofgestempelt, fir just zwee Beispiller ze nennen.

Mir si schockéiert, wa mir héieren, datt et Dokteren an Doktesche ginn, déi e certificat de virginité ausstellen. Gläichzäiteg legitiméieren a reproduzéiere mir am kollektive Gedächtnis déif verankert Biller doriwwer, wéi eng (jonk) Fra sech unzedoen an a Bezuch op hir Sexualitéit ze behuelen huet. E Beispill dofir sinn déi rezent Diskussiounen iwwer déi zum Deel sexistesch Kleederuerdnungen an de Lycéeën. Eng wierklech sexuell Revolutioun wäerte mir eréischt erreechen, wann et kee strukturelle Sexismus méi gëtt.

Verbuet vum « certificat de virginité »

Fir mech steet ausser Fro, datt d’Ausstelle vun deenen Zertifikae muss verbuede ginn. Dat eleng léist awer de Problem net an ass virun allem deene Fraen, déi a konservativen, fraefeindleche Keeser liewen, keng Hëllef. Parallel zu dem Verbuet muss dofir eng zentral Ulafstell fir Betraffener vun alle Forme vu sexistescher Gewalt geschaf ginn, wou Dokteschen, Psychologen, Sozialaarbechterinnen a Juristinnen Hand an Hand schaffen.

Doriwwer eraus brauche mir eng qualitativ héichwäerteg sexuell an affektiv Educatioun am formalen a non-formale Bildungsberäich. Wou net just déi korrekt an detailléiert Anatomie vun de Geschlechtsorganer, Informatioune ronderëm Reproduktioun, Verhütung an de Schutz viru Geschlechtskrankheete vermëttelt gëtt, mee wou och geschwat gëtt iwwer sexualiséiert Gewalt, grad sou wéi iwwer Pleséier, Konsens an eng gesond Gestaltung vu mënschleche Bezéiungen, baséierend op Gläichstellung, géigesäiteg Verantwortung a Respekt.

Lauschteren

Partager cet article

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag