Reaktioun Kommentar RTL vum 29. September

[De]

An deem Artikel iwwer Häerz-Kreeslaf-Krankheete gëtt drop higewisen, dass zu Lëtzebuerg Häerz-Erkrankungen déi éischt Doudesursaach bei Fraen sinn. Allerdéngs gëtt dann dovu geschwat, dass Frae mëttlerweil méi fëmmen an dass ee gesonde Liewensstil de Risiko Häerz-Krank ze gi reduzéiert.

Mir fannen et awer wichteg, drop hinzeweisen, dass ee grousse Probleem déi feelend medezinesch Informatioune sinn. Et gëtt ze wéineg drop higewisen, dass Fraen aner Symptomer wéi Männer kënnen hunn.

https://www.rtl.lu/news/national/a/1793994.html

Eise Kommentar:

Haut um Weltdag vum Häerz gëtt a ville Medien iwwer d’Gesondheet vum Häerz geschwat. An deem Zesummenhang ginn d’Uerspreng an d’Risike vu kardiovaskuläre Krankheete mol méi a mol manner ënner d’Lupp geholl. Dobäi gëllen dës als déi éischt Doudesursaach op der Welt a bewierken all Joer Ronn en Drëttel vun de Stierffäll. Am Joer 2019 waren Häerz-Kreeslaf-Krankheete mat 28% vun de Fäll d’Haaptdoudesursaach bei Fraen zu Lëtzebuerg. Am Verglach mat de Männer, waren dës mat 27% déi zweetheefegst Doudesursaach.

Mir begréissen et, dass d’Fanny Kinsch an der Reportage vum RTL (29/09/2021) op dës Diskrepanz opmierksam mécht an zesumme mat der Doktesch Christiana Banu déi verschidde Risike betount. Andeems un d’Responsabilitéit vun all Mënsch appelléiert gëtt, ee gesonde Liewensstil ze féieren fir Häerz-Kreeslaf-Krankheeten entgéintzewierken, ginn allerdéngs méiglech Preventiounsmoossname staark op eng individuell Ebene reduzéiert. Leider geet op dësem Wee verluer, firwat vill Mënschen net genuch iwwer eventuell Symptomer Bescheed wëssen. Ee vun deene Grënn ass zum Beispill den sougenannten „Gender-Health-Gap“. Domat ass gemengt, dass de Gros vun de medezineschen Daten, mat deenen haut geschafft gëtt, de männleche Kierper als Ausgangslag huelen: Dat heescht, dass zum Beispill Medikamenter haaptsächlech u Männer getest ginn, wat zu Iwwerdoséierunge bei Frae féiere kann. D’Wierksamkeet vun Digoxin – ee Wierkstoff bei Häerz-Kreeslaf-Beschwéieren – verkierzt zum Beispill d’Liewensdauer vu Fraen. An trotzdeem ass des Substanz an Medikamenter erëm ze fannen, déi och u Frae verschriwwe ginn.
De männleche Kierper gëtt also als Norm virausgesat, wat erhieflech Konsequenzen fir Fraen an hir Gesondheet kann hunn.

Sou kënnen d’Symptomer vun engem Häerzinfarkt vu Fraen sech vun deene vu Männer däitlech ënnerscheeden. Wärend Männer heefeg u Péng am Broschtraum an un engem Kribbelen an den Äerm leiden, deite bei Frae staark Kuerzotmegkeet, plëtzlech Iwwelkeet a Schweessausbréch oder och Drock am Broschtberäich op en eventuellen Infarkt hin.
Net nëmme waren dës Informatioune ganz laang onbekannt, mee se ginn och nach ëmmer net däitlech genuch kommunizéiert.

Dass Fëmmen de Risiko vun Häerz-Kreeslaf-Krankheeten erhéicht ass keng rezent Erkenntnis. Genau esou wéineg, dass ze vill Stress de Bluttdrock an d’Luucht schéisse kann. Dass Kuerzotmegkeet bei Fraen ee Symptom vun engem Häerzinfarkt ka sinn, allerdéngs schonn.
Gesondheet ass ee fundamentale Bestanddeel vun de Mënscherechter. Fir dass awer och all Mënsch dat Recht an Usproch huele kann, mussen sech medezinesch Erkenntnisser ob Ënnersichunge vun diverse Kierpere berouen. All Mënsch huet e Kierper a vill dovun entspriechen net de männlechen anatomeschen Eegenschaften. Et gëtt héich Zäit, dass d’Medezin hir Verantwortung iwwerhëlt an d’Gesondheet vun all Mënsch als hir Prioritéit unerkennt.

Quellen:

https://de.statista.com/statistik/daten/studie/38995/umfrage/weltweite-odesfaelle-aufgrund-chronischer-krankheiten/

https://sante.public.lu/fr/publications/s/statistiques-causes-deces-2019/Statistiques-des-causes-de-deces-2019.pdf

Rathore SS, et al. (2002): Sex-base differences in the effect of digoxin for the treatment of heart failure. In: N Engl J Med 2002; 347 (18):1403-11.

https://www.herzstiftung.de/infos-zu-herzerkrankungen/herzinfarkt/anzeichen/herzinfarkt-frauen-symptome

Share this

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag