Fräie Mikro “Stop Gender Apartheid”

[De]

De Weltfraendag ass e gudde Moment fir un d’Solidaritéit mat feministeschen Aktivisten an Aktivistinnen iwwerall op der Welt ze appelléieren. Zu Lëtzebuerg rifft d’Plattform JIF (Journée Internationale des Femmes) zu enger feministescher Marche op an erënnert drun, datt mir och zu Lëtzebuerg nach laang keng Gläichstellung tëschent de Geschlechter erreecht hunn, a mir dofir eng gendersensibel Politik an alle Beräicher brauchen, mengt d’Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender an hirem Fräie Mikro.

Lauschtert de Bäitrag hei!

Transcript:

STOP GENDER APARTHEID  

An 3 Deeg ass den 8. Mäerz – den internationalen Dag vun de Fraerechter. Zu Lëtzebuerg rifft d’Plattform JIF zu enger feministescher Marche op an erënnert drun, dass mir och zu Lëtzebuerg nach laang keng Gläichstellung tëscht de Geschlechter erreecht hunn a mir dofir eng gendersensibel Politik an alle Beräicher brauchen.  

Den 8. Mäerz ass och e gudde Moment fir un d’Solidaritéit mat feministeschen Aktivist*innen iwwerall op der Welt ze appelléieren. D‘Erausfuerderung vun der Gendergläichstellung muss global geléist ginn.  

Viru Kuerzem war ech op enger internationaler Konferenz iwwer d’Situatioun vun de Fraerechter am Iran. Ech sinn déif beandrockt vun dem grousse Courage vun den iranesche Fraen am Iran an am Exil, déi trotz deene grousse Geforen, deenen si sech an hir Familljen domat aussetzen, fir Fräiheet, Gerechtegkeet an hir Mënscherechter kämpfen.  

Dat, wat am Iran ënnert der islamescher Republik an iwwerdeems och am Afghanistan ënnert den Taliban geschitt, nennt sech Gender Apartheid. Et ass net just sexistesch Diskriminéierung, et ass e Krich géint Meedercher a Fraen. An deenen zwee Nopeschlänner gi Meedercher a Fraen systematesch ënnerdréckt an entmënschlecht. Gesetzer bestëmmen iwwert hire Kierper, iwwert hiert Ausgesinn, iwwert hiren Accès zu Bildung a finanzielle Ressourcen an degradéiere si zu Mënschen 2. Klass – zum Notzen vun deene Männer, déi doduerch hir Muecht zementéieren a verdéiwe wëllen. Wien sech net drun hält gëtt drakonesch bestrooft – duerch Folter, Auspeitschen a sexualiséiert Gewalt. 

Aktivistinnen aus dem Iran an Afghanistan hunn eng international Campagne lancéiert fir dës Gender Apartheid ze stoppen. Apartheid Standarden am internationalen Droit goufen am 20. Jorhonnert geschaf fir géint déi rassistesch Trennung no Hautfaarf a Südafrika ze kämpfen. Déi südafrikanesch Apartheid, déi och gesetzlech verankert war a vun dem déi wäiss Awunner*inne profitéiert hunn, ass op en Enn gaang och duerch joerzéngtelaangen Drock an Isolatioun vun internationaler Säit an duerch en Ofbroch vun diplomateschen an ekonomeschen Bezéiungen.
Dorun orientéieren sech déi iranesch an afghanesch Aktivistinnen. Si fuerderen, dass och Gender Apartheid am internationale Recht definéiert a verurteelt gëtt an dass déi international Gemeinschaft Konsequenzen doraus zitt an dës schwéier Mënscherechtsverletzungen net méi toleréieren. Si fuerderen dass Mënscherechter iwwer wirtschaftlech Interessen gestallt ginn – eng zentral Fuerderung och vu feministescher Aussepolitik. 

An eiser globaliséierter Welt, wou mir duerch Handel, Wueren, Medien, Vakanzen, Aarbecht oder Migratioun weltwäit vernetzt a mateneen verbonne sinn, kann et eis net egal sinn, wat an anere Länner geschitt. Scho guer net, wa mer dat politescht Geschéien an deene Länner indirekt iwwert eis Wirtschaftsbezéiungen oder eis diplomatesch Lien’en ënnerstëtzen oder op mannst toleréieren.  

Ausserdeem muss grad eis Fraen a geschlechtlechen a sexuelle Minoritéite bewosst sinn, dass d’Ursaache vu strukturellem Sexismus – sou ënnerschiddlech d’Auswierkungen an deene verschiddene Länner och sinn – iwwerall déi selwecht sinn: patriarchal a sexistesch Strukturen a misogyn Denkweisen. Wéi krass d’Auswierkungen vun deenen Ursaachen sinn, hänkt da virun allem vum politesche System a vun der ekonomescher Situatioun vun engem Land of – a béides ka ganz séier änneren. 

Weider Info’en zu der Gender Apartheid Campagne: 

https://endgenderapartheid.today/ 

Share this

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag