Fräie Mikro “E Rappel fir d’Mëtt”

[German]

Am éischte Fräie Mikro vum neie Joër, riicht d’Isabelle Schmoetten sech un d’Mëtt: Rietspopulistesch Hetz ass eng Gefor fir den Zesummenhalt vun eiser Gesellschaft. Et brauch eng staark Mëtt, fir datt et net zur Katastroph kënnt, mengt d’Isabelle Schmoetten.

Lauschtert de Bäitrag hei!

Transcript:

De Rietsruck ass scho méi laang weltwäit ze spieren, och hei zu Lëtzebuerg ass en ukomm. Dëst Joer sinn Europawalen – si wäerte weisen ob déi Tendenz esou bleift. Besonnesch fir Migrant:innen a Mënschen déi flüchte mussen ass eng rietspopulistesch Politik katastrophal.

Och Mënschen, déi net de geschlechtlechen a sexuellen Normen entspriechen, dat heescht, sech als cis Mann oder cis Fra an als heterosexuell identifizéieren, spieren de Rietsruck. “cis” bedeit am Géigesaz zu “trans”, datt eng Persoun sech mat dem Geschlecht identifizéiert, dat hir bei hirer Gebuert zougewise gouf.

Feministesch Aarbecht gëtt ëffentlech diffaméiert

Fraerechtsorganisatiounen a Gruppéierungen, déi sech géint geschlechtsbaséiert Diskriminéierung asetze, sinn en Dar am An vu rietspopulistesche Parteien an hiren Unhänger:innen. Feministesch Aarbecht gëtt nach méi wéi soss a Fro gestallt oder souguer ëffentlech diffaméiert. Dat spiere mir och hei zu Lëtzebuerg.

Et gëtt net just reegelméisseg vu Rietsen a Fro gestallt, ob et legitim ass, datt ech mat Gendersujeten um Radio eng Plattform kréien. Och de Veräi fir den ech schaffe gëtt ëmmer erëm ugegraff an ëffentlech a Fro gestallt.

D’Mëtt muss standhaft bleiwen

Déi grouss Gefor geet awer net vu rietsextremen oder och just rietspopulistesche Persounen aus – déi sinn trotz allem an der Minoritéit. D’Gefor ass d’Mëtt, déi no riets rutscht, well se mengt déi Riets esou kënne mat an d’Boot ze huelen oder ze besänftegen.

Sou funktionéiert dat awer net. Et ass d’Mëtt, déi muss standhaft bleiwen, déi sech net dierf alulle loosse vu populisteschem Gebraddels a Gehetz, déi net op falsch Informatiounen a falsch Argumenter dierf erafalen. Et ass d’Mëtt, déi sech ëmmer erëm op d’Bedeitung vun de Mënscherechter, vu Solidaritéit an Zesummenhalt zeréck besënne muss. Et gëtt méi, wat eis verbënnt wéi dat, wat eis trennt.

Rietser kann ech net iwwerzeegen. Lénker muss ech net iwwerzeegen. Awer d’Mëtt, déi ass et, op déi et ukënnt. Dofir riichten ech mech elo konkret un d’Leit aus der Mëtt.

D’Muecht deelen

Feminismus ass eng Iwwerzeegung an eng Beweegung fir eng gerecht Gesellschaft fir all Mënsch. Feminist:innen haasse keng Männer. Si fannen, datt Männer hir Muecht mussen deelen a net eleng a just an hirem Interêt däerfe bestëmmen, wat doheem, op der Aarbecht oder an der Welt geschitt.

Feminist:inne soen net, datt et keng geschlechtlech Ënnerscheeder däerf ginn. Weder Chromosomen, nach Hormoner oder äusserlech Geschlechtsmierkmoler sollen awer dierfe bestëmmen, ob ech e gesonden Ëmgang mat mengen Emotioune léieren, ob ech mäi berufflechen Dram ka verwierklechen oder ob ech mech am ëffentleche Raum sécher fillen oder net.

Géint Stereotyppen

Dofir riicht Feminismus sech géint Gender Stereotyppen. Eng ganz Rei Mënsche fillen sech net wuel mat de gesellschaftlechen Normen a Rollenzouschreiwunge ronderëm dat biologescht an dat soziaalt Geschlecht. Si di kengem wéi a schuede kengem, si wëllen einfach just si selwer sinn an déi selwecht Rechter genéisse wéi all Mënsch.

Zil vu Quoten ass et sech erëm iwwerflësseg ze maachen. Bei gläicher Eegnung gëtt bei enger bestoender Quot dat ënnerrepresentéiert Geschlecht bei enger Astellung bevirdeelegt. Dat ass just zum Nodeel vun deene Männer, déi ongerechterweis op eng Plaz komm wären, just opgrond vun hirem Geschlecht als Mann a net well se de beschte Choix gewiergt wieren.

Méi Siichtbarkeet a Gesellschaft a Wëssenschaft

Gendersensibel Sprooch soll Fraen a geschlechtlech Minoritéite siichtbar maachen an ass eng vu ville méigleche Mesüren zu e bësse méi Gläichberechtegung bäizedroen. Keen ass gezwongen se ze notzen. Wann ee sech net komplett verschléisst mierkt e séier, datt et guer net souvill beim Liesen oder Héiere stéiert, wéi ëmmer gesot gëtt.

Gender Studies sinn eng jonk Wëssenschaft, déi wëssenschaftleche Krittären ënnerläit, wéi all aner Wëssenschaft och. Si ass entstan well déi al Wëssenschafte joerhonnertelaang just zum Liewen an der Geschicht vu Männer gefuerscht a just männlech Perspektive berécksiichtegt hunn, also net objektiv waren.

Feminismus an Gender si keng Gefor fir den Zesummenhalt vun der Gesellschaft. Grad de Contraire. Mam Bestriewe sozial Gerechtegkeet ze erreechen droen se zu enger méi solidarescher, inklusiver a partizipativer Gesellschaft bäi.

Share this

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag