Fräie Mikro 32-Stonne-Woch

[De]

(02.05.2023) Eng nei Etüd vum Aarbechtsministère soll als Diskussiounsgrondlag genotzt gi fir sachlech iwwer eng Aarbechtszäitverkierzung schwätzen ze kënnen. Lauschtert eran an de #FräieMikro vum radio 100,7 wou d’Isabelle Schmoetten sech aus feministescher Perspektiv mat dësem Walkampfsujet befaasst.

Lauschteren

Lescht Woch huet den Aarbechtsministère d’Resultater vun der LISER Etude iwwer d’Chancen an d’Risike vun enger Aarbechtszäitverkierzung presentéiert. D’Presentatioun selwer, awer och d’Reaktiounen aus der Chamber an an der Press leeën de Fokus bis elo virun allem op d’Ambiguitéit vun de Resultater: Vir- a Nodeeler wiere relativ ausgeglach.

Méi Gläichheet tëscht de Geschlechter

Aus feministescher, gendersensibler Perspektiv, schwätzen d’Resultater allerdéngs eng kloer Sprooch. D’Etude bestätegt, wisou Feminist:innen zu Recht zënter Joren zu Lëtzebuerg eng Aarbechtszäitverkierzung bei vollem Gehalt fuerderen: Si géif zu méi Gläichheet tëscht de Geschlechter féieren!

Déi onbezuelt Care Aarbecht, déi nach ëmmer virun allem vu Frae geleescht gëtt, kéint besser tëscht de Geschlechter opgedeelt ginn. D’Duebelbelaaschtung an d’Charge mentale vun de Frae géif ofhuelen, wat zu enger besserer Gesondheet a méi Wuelbefanne féiere géif. Méi Frae kéinte Vollzäit schaffen a wieren doduerch finanziell méi onofhängeg a manner vum Risiko vun Altersaarmut betraff.

Ausserdeem géifen d’Fraen esou manner um Aarbechtsmarché stigmatiséiert ginn, well se vergläichsweis net méi sou vill Stonne manner schaffe géife wéi d’Männer.

Theema onbezuelt Care Aarbecht

Generell féiert Aarbechtszäitverkierzung dozou, datt d’Leit manner gestresst a manner krank sinn an doduerch méi zefridden, méi kreativ a méi produktiv. Dat ass net just gutt fir d’Aarbechter:inne mee och fir d’Patronnen a Patronen.

Wa mir iwwer Aarbechtszäitverkierzung schwätzen, dierfe mir net nëmmen iwwer déi bezuelt Aarbecht schwätzen.

Déi onbezuelt Care Aarbecht, also Haushalt awer och Fleeg a Betreiung vu Kanner, eeleren a vun Hëllef ofhängege Persoune, gëtt nach ëmmer virun allem vu Frae geleescht. Dat ass den Haaptgrond wisou méi wéi en Drëttel vun de Fraen zu Lëtzebuerg an Deelzäit schaffen.

D’Aarbechtsbelaaschtung ass awer net nëmmen an der onbezuelter Care Aarbecht immens ongläich verdeelt.

Vill Leit kéinten an hirem Job mat manner Stonne grad sou produktiv sinn. Aner Leit komme lo schonn net méi no. Fir d’Fleegepersonal oder d’Personal aus dem Botzsecteur, béides Beräicher an deene virun allem Frae schaffen, gëtt déi ze bewältegend Aarbecht ëmmer méi.

Aarbechtszäitverkierzung: Net ouni Risiken

Natierlech bréngt eng Aarbechtszäitverkierzung do och Risike mat sech. De gréissten ass wuel, datt se a verschiddenen, wéi den hei genannte Fäll, kéint duerch onbezuelt Iwwerstonne kompenséiert ginn.

Als Haaptursaach dofir gëtt de Mangel u qualifizéiertem Personal a verschiddene Branche genannt.

Eng Aarbechtszäitverkierzung ass net d’Léisung fir alles. Dat ass awer keen Argument géint se. Dat beweist just, datt se vun anere Mesüre muss begleet ginn, fir d’Ongläichheeten um Aarbechtsmarché ze bekämpfen.

Zil muss eng gerecht Ëmverdeelung vun Zäit, Geld an Aarbecht sinn. D’Aarbechtszäitverkierzung bei vollem Lounausgläich a wou néideg bei Personalausgläich, ass net just gutt fir d’Gläichstellung, mee och fir déi sozial Gerechtegkeet insgesamt.

Dofir fuerdert de CID eng 32-Stonne-Woch.

 

Share this

© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag