De Samschdeg bedeelegt Lëtzebuerg sech fir d’éischte Kéier un der internationaler Initiativ vum Equal Care Day. Deen Dag gëtt op déi onfair Verdeelung vu Care-Aarbecht opmierksam gemaach. Eng gutt Geleeënheet fir am Privaten an am ëffentleche Raum iwwer dëse Sujet ze schwätzen, fënnt d’Isabelle Schmoetten vum CID | Fraen an Gender am Fräie Mikro.
Care-Aarbecht gëtt vun all Mënsch geleescht. Care-Aarbecht, dat heescht zum Beispill botzen, kachen, wäschen, sech ëm Kanner këmmeren, eeler Mënsche fleegen, Stierfbegleedung maachen an déi sougenannte Charge mentale, also d’Organisatioun vum Haushalt an dem sozialen Zesummenhalt vun der Liewensgemeinschaft. Vill Mënsche schaffen och a Care-Beruffer, zum Beispill an der Kannerbetreiung, an der Fleeg, an der Sozialaarbecht an am Botzsecteur.
Care-Aarbecht fënnt also als onbezuelten Hausaarbecht, als bezuelte Beruffsaarbecht an och als Benevolat statt.
Esou wéi de Schaltdag, dee jo nëmmen all véier Joer virkënnt, ass och Care-Aarbecht dacks onsichtbar. Ausserdeem leeschte Fraen am weltwäiten Duerchschnëtt véiermol méi onbezuelte Care-Aarbecht wéi Männer. An och an der bezuelter Care-Aarbecht schaffe virun allem Fraen. Dat ass keen Zoufall, mee entsprécht där traditioneller Geschlechterrolleverdeelung, déi trotz Oplockerungen nach ëmmer besteet. Sech ëm aner Mënsche suergen a këmmere gëtt sozialisatiounsbedéngt nach ëmmer als typesch weiblech ugesinn. Dobäi ass et typesch mënschlech.
Bezuelte Care-Aarbecht fënnt dacks ënner physesch wéi psychesch immens belaaschtenden Aarbechtskonditioune statt. Dobäi kënnt, datt se gesellschaftlech net vill Unerkennung kritt a bei Wäitem net de Respekt an och net déi finanziell Entschiedegung, déi se verdéngt. Dat läit och dorun, datt Care-Aarbecht wirtschaftlech net interessant ass. Vereinfacht gesot sinn also d’Patriarchat an de Kapitalismus un dëser Schiflag schold.
Dës ongläich Verdeelung vu Care-Aarbecht tëschent de Geschlechter bréngt fir déi Betraffen eng Rëtsch Nodeeler mat sech. Déi meescht Frae ginn haut zwar enger bezuelter Aarbecht no, si schaffen awer méi dacks an Deelzäit wéi Männer, fir sech ëm den Haushalt an ëm d’Kanner ze këmmeren, hunn doduerch ee méi niddregt Akommes an am Alter eng méi niddreg Pensioun. Aktuell läit d’Pensioun vun de Frae ganzer 43 Prozent méi niddreg wéi déi vun de Männer. An och a Koppelen an deene Mann a Fra béid Vollzäit schaffen, leeschten d’Fraen duebel sou vill onbezuelten Care-Aarbecht wéi Männer, déi sougenannten Duebelbelaaschtung an hunn doduerch manner Zäit fir Karriär an déi perséinlech Entwécklung.
Déi strukturell ongläich Verdeelung vun där onbezuelter Care-Aarbecht wierkt sech awer net op all Fraen d’selwecht aus. Déi Persounen, déi et sech leeschte kënnen a wëllen, bezuelen aner Persoune fir fir si ze botzen, ze wäschen, ze strecken, hir Kanner ze versuergen, hir Elteren ze fleegen a sou weider. Och no zwou Fraebeweegunge gëtt déi onbezuelten Aarbecht also net méi fair tëschent de Geschlechter verdeelt, se gëtt vill méi vu privilegéierten op manner privilegiéiert Fraen ausgelagert. Sou wéi e bekannten Spréchwuert seet “Hanner all erfollegräichem Mann steet eng Fra”, kéint een elo also och soen: “Hanner all erfollegräicher Fra steet eng aner Fra”. Grad am Botz- an am niddreg bezuelten Erzéiungs- a Fleegesecteur schaffen haaptsächlech Migrantinnen, Frae mat Migratiounsgeschicht oder Frontalièren. Si sinn et also, déi am stäerkste vun de negativen Auswierkunge vun där ongläicher Verdeelung betraff sinn.
Care-Aarbecht ass Aarbecht. Si verdéngt Unerkennung, Respekt a fair a würdeg Konditiounen. A virun allem ass si déi gemeinsam Verantwortung vun där ganzer Gesellschaft.
Luxembourg City Film Festival THE 8TH Aideen Kane, Lucy Kennedy, Maeve O’Boyle USA, Ireland , 2020 / 94 min / English OV with English... Weiter Lesen
The CID
CID | Fraen an Gender is a place for everyone who is interested in feminism, gender issues, gender equality and who rejects stereotypical gender roles.
Other websites
BUSINESS HOURS
Tuesday, Wednesday, Thursday, Friday:
12 – 6 p.m.
The CID is closed in August and during the end of year holidays.
© 2016 CID Fraen an Gender a.s.b.l. All rights reserved. Webdesign: bakform/youtag
Necessary cookies are absolutely essential for the website to function properly. This category only includes cookies that ensures basic functionalities and security features of the website. These cookies do not store any personal information.
Any cookies that may not be particularly necessary for the website to function and is used specifically to collect user personal data via analytics, ads, other embedded contents are termed as non-necessary cookies. It is mandatory to procure user consent prior to running these cookies on your website.